De Guanako (Lama guanicoe) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Kaméiler (Camelidae). E lieft virun allem am westlechen a südleche Südamerika, an den Anden an an der Pampa, an ass d'Stammform vum zame Lama.

Guanako
E Guanako

E Guanako
E Guanako
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Artiodactyla
Famill: Kaméiler (Camelidae)
Gattung: Lamaen (Lama)
Aart: Guanako
Wëssenschaftlechen Numm
Lama guanicoe
Statius Müller, 1776

Guanakoe si vu Kapp bis den Hënner 120 bis 220 Zentimeter laang, hunn eng Schëllerhéicht vun 120 Zentimeter a weien eng 100 bis 120 Kilogramm. Hire Pelz ass wolleg an dicht; hir Faarf ass hellbrong uewendrop an ënnendrënner wäiss, d'Gesiicht dacks schwaarz.

Wéi all Kaméiler hu si relativ laanggestreckt, gourech Been, e laangen, dënnen Hals an e klenge Kapp. D'Féiss hunn zwou Zéiwen, déi, amplaz vun Houf, Polsteren hunn. De Mo besteet aus méi Kummeren, wat bei der Verdauung vu planzlechem Kascht hëlleft.

Guanakoe liewen a Familljenträpp vun enger gudder Dosen Déieren, déi vun engem Männche geleet ginn, a soss aus e puer Weibercher an hire Jonge bestinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Guanako – Biller, Videoen oder Audiodateien