Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gradandeelung vum Krees. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Grad.

D'Gradandeelung ass en Andeelungskonzept vum Krees a Wénkelen (neigriichesch μοίρα). Doduerch ass d'Wiesselverhältnes vum Deel (Wénkel) zum Ganzen (Vollkrees) bestëmmt an hëlleft zyklesch Virgäng anzedeelen a steet dofir an Zesummenhank mat der astronomescher Andeelung a Joreszäiten, Méint an a Stonnen. De Gebrauch vun der Gradandeelung gouf am Ufank fir de Bau vu Sonnenaueren a fir d'Äerdbeschreiwung agesat. Eng netgeometresch Gradandeelung ass an der Temperaturmiessung a bei anere graduelle Miessmethode gebräichlech.

Eenheetskrees r = 1

Gradandeelung an 360° änneren

D'Gradandeelung vum Vollkrees an 360° ass en astronomescht, mat der Zäitmiessung duerch Sonnenauere verbonnent Konzept (360° = 24 Stonnen), dat ë. a. vun den Astronomen Hypsikles vun Alexandria (Anaphorikos, 170 v. Chr.) an Hipparchos vun Nicäa (190-120 v. Chr.) ausgeschafft gouf. Déi zwéin Astronomen hate méiglecherweis d'Berechnungen aus der babylonescher Astronomie iwwerholl. D'Kreesandeelung entsprécht der terrestrescher Gradandeelung.

D'geographesch Koordinaten no Breetegraden- a Längtegraden stinn awer als zodiakal-bestëmmt Koordinaten an Zesummenhank mat der zanter der Antiquitéit gebräichlecher astronomescher Zäitmiessung, der Kaarteprojektioun vum Ptolemäus an der maritimer Navigatioun inklusiv vun hiren Instrumenter wéi d'Dioptra an den Torquetum.

Déi antik Miessmethode goufen eréischt vum Duarte Pacheco Pereira (1469-1533) fir déi an den Azoren verankert global Navigatioun verbessert.

1634 gouf op El Hierro als westlechst Kanaresch Insel en Nullmeridian duerch den Faro de Orchilla fixéiert an eréischt 1884 huet sech deen zanter 1738 an England gebräichleche Meridian vu Greenwich géint aner national Nullmeridianen duerchgesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie