Golan

Regioun an der Levant
(Virugeleet vu(n) Golanhéichten)

D'Golanhéichten (Arabesch الجولان al-Dschaulān, Hebräesch רמת הגולן Ramat HaGolan), leien am Nordoste vum Jordan, a sinn een ëmstriddene Landstreech tëscht Syrien an Israel. D'Golanhéichte sinn e Plateau mat enger vulkanescher Originn. Si leien tëscht dem Séi Genezareth an der syrescher Haaptstad Damaskus, sinn hiwweleg, schwaach bevëlkert, an net vill wiisst do. Mä si beherrschen dee méi déif geleeënen Dall vum Jordan, wat ee vun de Grënn ass, firwat d'Golanhéichten ëmmer de Mëttelpunkt vum Sträit tëscht Syrien an Israel sinn a waren.

Landkaart mat de Golan Héichten
Golan: Erënnerung un zwéi Kricher
Spuere vun haarde Kämpf: Zerstéiert Bunkeren

Vëlkerrechtlech gehéiere se zu Syrien, sinn awer 1967 am Krich vu Sechs Deeg vun Israel eruewert an 1980 annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer ni um internationale Plang unerkannt gnni.

Geographesch Kennzeechen änneren

De gréissten Deel vun dësem Gebitt läit op enger Héicht vun 1.000 m iwwer dem Mier, a bedeckt, bei enger Längt vu 60 km an enger Breet vu 25 km, eng Fläch vun 1.150 km².

Den héchste Punkt, de Bierg Hermon, ass 2.814 m héich. D'Haaptstad ass dat syrescht Qunaitra, eng Stad, déi 1967 ganz zerstéiert gouf an nëmme méi deelweis opgebaut ginn ass. Haut hu sech op de Golanhéichten israeelesch Siidler néiergelooss (17.000), wat d'Léisung vun de Problemer ëm de Golan net vereinfacht.

D'Geschicht vun zwéi Kricher änneren

Bekannt goufen d'Golanhéichten am 20. Joerhonnert duerch zwéi Kricher: dee vu Sechs Deeg (1967) an de Jom-Kippur-Krich (1973).

Virum Krich vu Sechs Deeg haten d'Syrer probéiert, een Deel vum Waasser vun de Golanhéichten, dat de Séi Genezareth speist a fir d'Opbereedung vu Drenkwaasser benotzt gëtt, ëmzeleeden. Dat huet Israel sech net bidde gelooss.

De Krich vu Sechs Deeg war e Krich deen Israel géint seng arabesch Nopeschlänner Egypten, Jordanien a Syrien op Provokatioune vun hinnen hi gefouert huet, an dee mat engem Präventivschlag vun der israeelescher Aviatioun agelaut ginn ass. Hien huet 6 Deeg, vum 5. Juni bis zum 10. Juni 1967, gedauert an ass mat der Besetzung vun der Gazasträif an de Golahéichten zu Enn gaangen.

D'Zäitbomm huet awer weidergetickt an där Géigend. Um Ufank vum Jom-Kippur-Krich ass se geplatzt. D'syresch Arméi konnt, ënnerstëtzt vun aneren arabesche Länner, an engem éischten Ulaf d'Golanhéichten erueweren. Am Laf vun enger Géigenattack huet Israel d'Golanhéichten zeréckeruewert. Am Golan huet deemools déi gréisst Panzerschluecht an der Weltgeschicht stattfond. Et stoungen 180 israeelesch Panzer 1400 feindleche Panzer géintiwwer, 870 Panzer dovun, vill Gefierer a Kanoune si verluer gaangen.

Israel huet dobäi och schwéier Verloschter missen astiechen. Déi deemoleg israeelesch Premierministesch Golda Meir ass dunn, well si där Attack net virgegraff hat, ënner staarke politeschen Drock komm an ass am Dezember 1973 zeréckgetratt. Si gouf duerch de Jitzchak Rabin am Mäerz 1974 ersat.

D'Bedeitung vum Golan fir Israel änneren

Fir Israel hunn d'Golanhéichten ëmmer eng Gefor bedeit:

  1. well vun de Golanhéichten aus d'israelech Siidler am Jordan-Dall vun Zäit zu Zäit ënner de Beschoss vu syreschen Truppe vum Golan aus komm sinn.
  2. Awer och well Drénkwaasserversuergung vun Israel, déi aus dem Séi Genesareth duerch d'Ëmleedung vum Waasser aus dem Golan koum, a Fro gestallt konnt ginn.

D'Situatioun haut änneren

Israel hält d'Golanhéichten, wou Kräfte vun de Vereenten Natiounen zanter 1974 stationéiert sinn, fir en Désengagement vun den zwou Parteie sécherzestellen, haut ëmmer nach besat. D'international Communautéit betruecht se weider als eent vun Israel besate Gebitt an net als israeeleschen Territoire. D'Golanhéichte bleiwen e Sträitpunkt, an eng Eenegung tëscht Syrien an Israel gëtt allgemeng als onwahrscheinlech ugesinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Golan Heights – Biller, Videoen oder Audiodateien