Goclenius (Moundkrater)

De Moundkrater Goclenius läit um westleche Rand vum Mare Fecunditatis, südëstlech vum Krater Gutenberg an nërdlech vum Krater Magelhaens op der viischter Moundsäit.

Moundkrater Goclenius
Foto vun Apollo 8 de 24. Dezember 1968: De Goclenius mat sengem Rillesystem läit vir; uewe lénks am Bild ass de Colombo A an drënner de Magelhaens A (lénks), de Magelhaens läit riets an uewe riets am Bild läit de Gutenberg D.
Eegenschaften
Breet -10,08° S
Längt 45,05° O
Duerchmiesser 54 × 72 km
Déift 1,5 km
Selenographesch Längt 315° bei Sonnenopgank
Genannt nom R. Goclenius de Jéngsten
(1572–1621)
Genannt am Joer 1935

Nordwestlech läit e Gruefsystem, deen iwwer 240 km laange Rimae Goclenius. De Krater ass gezeechent vu ville Rillen an ass 72 km × 54 km grouss. Datt en ettlech Rillen an der Ëmgéigend de Krater iwwerlageren, léisst drop schléissen, datt de Goclenius méi al ass wéi d'Strukture ronderëm.

Den Aschlagkrater ass nom Rudolf Goclenius de Jongen (1572-1621), en däitsche Medezinner an Univeralprofesser, genannt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 9,25° S, 44,45° O7 6 km [1]
U 9,35° S, 50,13° O7 22 km [2]

De Krater Goclenius A gouf vun der I.A.U. op Ibn-Battuta ëmgenannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren