Magelhaens (Moundkrater)
Moundkrater
De Magelhaens ass en Aschlagkrater um südwestlechen Ufer vum Mare Fecunditatis am ëstlechen Deel vun der viischter Moundsäit. Hie läit süd-südwestlech vum Krater Goclenius ongeféier op hallwem Wee tëscht de Kratere Gutenberg am Nordweste an Colombo am Südosten.
De Krater Magelhaens (uewe lénks) an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 11°58'48"S, 44°4'12"O |
---|---|
Duerchmiesser | 37,2 km |
Déift | 1700 m[1] |
Selenographesch Längt | 316° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Ferdinand Magellan |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ20 |
De baussenzege Rand vum Magelhaens ass schmuel an onreegelméisseg a wäit ewech vu ronn. Op der südëstlecher Säit schléisst sech de Satellittekrater 'Magelhaens A' un. De Kraterzentrum ass duerch basaltesch Lava iwwerschwemmt, déi dem Kraterbuedem déi selwecht donkel Faarf wéi d'Mare am Nordoste gëtt. Doriwwer eraus bilt hien eng glaat Fläch ouni besonnesch Kennzeechen.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 12,73° S, 44,95° O | 30 km | [1] |
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Magelhaens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 279