Giraff
D'Giraff (Giraffa camelopardalis) ass eng Aart aus der Famill vun de Giraffidae. D'Giraff an den Okapi sinn déi eenzeg nach lieweg Aarten aus dëser Famill.
Giraff | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Giraff | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Giraffa camelopardalis (Linnaeus 1848) |
Kierperbau
ännerenD'Giraff huet en aussergewéinlech laangen Hals, laang Been, e staark offallende Réck an e laange Quasteschwanz. Déi männlech Déiere sinn iwwer 5,50 m grouss, déi weiblech knapps iwwer 5 m. Giraffen hunn och Haren a jeeweils 32 Zänn. Hir Schnëss ass zimmlech schmuel a si hunn eng laang Gräifzong.
Liewensweis a Liewensraum
ännerenGiraffe friesse Blieder a liewen nëmme méi an Afrika an dat haaptsächlech nach just an Nationalparken. Si si Savannen- a Steppendéieren a si guer net gär an de Bëscher. Si verbréngen de ganzen Dag bal nëmme mat friessen a lafen dofir ganz gemittlech vu Planz zu Planz an zupfen hei e Blat oder briechen do e puer Äscht of. Wa si genuch Waasser fannen, drénke si all Dag zimmlech vill. Si kënnen awer genee sou gutt e puer Deeg laang ouni Waasser aushalen.
Fortplanzung
ännerenGiraffe kréie bei enger Befruchtung, déi d'ganzt Joer iwwer ka geschéien, jeeweils just ee Jonkt. D'Schwangerschaft dauert 14-15 Méint an dat Jonkt ass bei der Gebuert scho bis zu 2 m grouss a weit ongeféier 60 kg. Et ass no enger Stonn schonn op de Been an drénkt. Mat 3 Deeg kann et scho lafen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Giraffen – Biller, Videoen oder Audiodateien |