Georges Wagner (Museker)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Museker Georges Wagner. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Georges Wagner.

De Georges Wagner, gebuer 1939, war vun 1971 bis 2010 den Dirigent vun der Harmonie municipale Esch-sur-Alzette.

De Schëfflenger huet a sengem Jonktem am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette de Beruff vum Schlässer geléiert, mä ass duerno fir zerguttst un der Musek hänkebliwwen. Hien huet den Escher Conservatoire mat grousser Distinctioun am Solfège an op der Gei ofgeschloss. En éischte Präis an der Harmonie an de Perfektionnementspräis op der Klarinett hunn em d'Diere vum Nanzeger Musekconservatoire opgemaach, wou en dann och den éischte Präis mat grousser Distinctioun op der Klarinett krut. Hien huet de Programm vu véier Joren an engem Joer fäerdegbruecht.

1960 ass de Georges Wagner als Klarinettist an d'Lëtzebuerger Militärmusek agetratt. Do huet e sech séier profiléiert a war 10 Joer laang e Sous-Dirigent vun der Militärmusek.

Vun 1961 bis 1971 war hie Renfort permanent vum RTL-Orchester.

Vun 1960 bis 1971 war de Georges Wagner Dirigent vun de Mandolinne-Veräiner zu Esch-Uelzecht a Keel, vun der Harmonie Kënzeg, vun der Eisebunner-Musek an der Lampertsbierger-Musek. Zanter 1994 ass en och Dirigent vum Ochestre Symphonique "Le Cercle" vu Rëmeleng.

De Georges Wagner huet sech och en Nummm als Arrangeur gemaach. Hien arrangéiert sinfonesch Musek fir d'Harmonieorchester. Hie war den éischten am Land dee schonn 1968 den Harmonieorchester mat engem Sträichorchester, Chouer a Solisten zesummebruecht huet an d'Carmina Burana opgeféiert huet. Zweemol am Joer huet hie mat der Escher Stadmusek Galaconcerten am Escher Theater opgefouert.

Säi leschte Konzert un der Spëtz vun der Escher Stadmusek war den 3. a 4. Dezember 2010 am Conservatoire an der Stad.

Säin Nofollger als Dirigent vun der Escher Stadmusek ass den David Reiland.

Zanter 2014 ass de Georges Wagner musikaleschen Trainer vun der Lëtzebuerger Band Moselle Valley Brass Band mat där hien 2015 eng CD produzéiert huet a mat där hien och als Dirigent optrëtt a s'an d'Ausland begleet.