Orchestre Symphonique "Le Cercle", Rumelange

De "Cercle Symphonique", de Rumelange ass am Februar 1910 entstanen, nom Succès vun de Festivitéite fir d'Grënnung vun der Stad Rëmeleng de 15. August 1908, wou all Musiksfrënn, déi nach net an engem Veräin organiséiert waren, zesummegeruff gi sinn, fir der neier Stad eng Ovatioun ze bréngen.

Revueen, Theater a Fuesbaler sinn organiséiert ginn. D'Concerten hu sech mat der Zäit duerchgesat. De Logo vum Orchester ass vu sengem President a Lëtzebuerger Artist Foni Tissen kreéiert ginn. Duerno waren de Fernand Erpelding, Gaston Vouel, Charles Tanson, Jules Eck an d'Lydie Lorang President vum Orchester.

Dem Orchester ass et net besser gaange wéi ville musikaleschen Ensembelen. Lues a lues ass den Ensembel méi kleng ginn, virun den Nowuessproblemer konnt de "Cercle" sech och net retten.

1994 huet de President Jules Eck säi laangjärege Frënd a Museksdirekter Georges Wagner gefrot, fir Dirigent vum Orchester ze ginn. Den Orchester steet elo ënner der Baguette vum Maestro Georges Wagner. De Beruffsmuseker e.r. huet den Orchester mat professionelle Sträicher opgebessert, an och déi néideg Bléiser erabruecht. Vun do u spillt den Orchester vu Succès zu Succès. Och den Numm ass liicht geännert ginn: Orchestre Symphonique "Le Cercle", Rumelange.

De Chef stellt u seng Museker héich Uspréch, genee wéi an der Harmonie Municipale Esch-sur-Alzette, wou hien zanter méi wéi 37 Joer Dirigent ass.

Haut spille 60 Museker am Cercle Symphonique. D'Besetzung vum Orchester besteet aus 28 professionelle Sträicher, 12 semi-professionelle Sträicher an 20 professionellen a semi-professionelle Bléiser.

De 6. November 2004 war e Concert zu Rëmeleng fir den 10. Joresdag vum Georges Wagner als Dirigent beim Orchester. Um Programm stoungen ënner anerem déi 9. Symphonie en Mi mineur "du nouveau Monde" vum Antonin Dvorak. Nieft zwee Concerten d'Joer zu Rëmeleng, trëtt den Orchester nach op anere Plazen am Land op. An de Concerte vum Cercle trieden gewéinlech bekannt Lëtzebuerger an international Solisten op. An der protestantescher Kierch an der Stad Lëtzebuerg huet den Orchester "d'Böhmische Hirtenmesse" vum Jakub Jan Ryba opgeféiert, zesumme mam Ensemble Vocal de Berdorf a véier Solisten aus der Staatssoper vu Prag: Sopran Hanna Jonasova, Alto Pavia Vykopalova, Tenor Tonas Cerny, Basse Roman Voel. Soliste wéi ënner anerem Nadine Bichler Saxophon, Antoine Cipriani Klarinett, Jazzquartett Gianez oder Petr Matejak Violonist vu 16 Joer vu Prag spille mam Orchester. Den 1. Klarinettist vum OPL de Jean-Philippe Vivier huet 2006 de Concerto fir clarinette et orchestre KV 622 vum W.A. Mozart interprétéiert. 2007 huet den Orchester der Stad Rëmeleng en "Hommage" bruecht fir de Centenaire vun der Stad "E Reckbléck a Biller, Wierder a Musek" mam Nico Keiffer als Récitant.