Georg Forster

däitsche Naturfuerscher, Ethnolog, Schrëftsteller, Journalist a Revolutionär

De Johann Georg Adam Forster, gebuer de 27. November 1754 zu Nassenhuben bei Danzeg (haut Mokry Dwór a Polen), a gestuerwen den 10. Januar 1794 zu Paräis, war een däitsche Naturfuerscher, Ethnolog, Reesschrëftsteller, Journalist, Essayist a Revolutionär.

Georg Forster
Gebuer 27. November 1754
Gestuerwen 10. Januar 1794
Paräis
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitschland, Polen, Litauen, Frankräich
Aktivitéit Explorateur, Anthropolog, Ethnolog, Pteridolog, Bibliothecaire, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Ornitholog, Revolutionär, Biolog, Botaniker, Universitéitsprofesser, Journalist, Entomolog, Mykolog, Autobiograph, Naturalist, Konschthistoriker, Geograph, Reesenden, Reesschrëftsteller
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Fräimaurerei

Hie war bei der zweeter Weltëmseglung vum James Cook an huet wichteg Bäiträg fir d'Geographie an d'Vëlkerkunde vun der Südséi gemaach a gëllt als ee vun de Grënner vun der wëssenschaftlecher Reesliteratur.

Als däitsche Jakobiner huet hien zu de Protagoniste vun der kuerzer Mainzer Republik gehéiert.