Fräimaurerei
D'Fräimaurerei ass eng philanthropesch, philosophesch a fortschrëttlech Institutioun, déi d'Sich no der Wourecht, de Studium vun der Moral an d'Praxis vun der Solidaritéit als Zil huet.
Si setzt sech fir déi materiell, moralesch, intellektuell a sozial Verbesserung vun der Mënschheet an a baséiert um Prinzip vun der géigesäiteger Toleranz, dem Respekt virun aneren a viru sech selwer, an op der absolutter Gewëssensfräiheet.
D'Fräimaurerei respektéiert déi individuell Wäertschätzung vun hire Memberen a formuléiert keen Dogma.
Hire Motto ass: Fräiheet, Gläichheet, Bridderlechkeet. Hir Aufgab ass et, all d'Membere vun der Mënschheet an dee bridderlechen Zesummenhalt z'integréieren, deen d'Fräimaurer op der ganzer Welt vereent.
D'Fräimaurerei zu Lëtzebuerg
änneren1729 gouf d'Fräimaurerei fir d'éischt zu Lëtzebuerg ernimmt. Hautdesdaags gëtt et follgend Fräimaurergrousslogen zu Lëtzebuerg:
- Grande loge de Luxembourg[1]
- Grand Orient de Luxembourg[2]
- Fédération internationale du droit humain
- Grande loge féminine de France
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fräimaurerei zu Lëtzebuerg.
Literatur
änneren- Gilles Genot, Von der Militär- zur Zivilloge - Die Freimaurerei zur Festungszeit (1770-1867); in: Michel Pauly, Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten; Mersch (Capybara Books), 2022; Ss. 173-176 (mat enger Illustratioun a bibliographesche Referenzen). ISBN 978-99959-43-46-2
- Dees De Sterio, A.-M., 1999. Franc-Maçonnerie au Luxembourg. 127 p. Éditions EDIMAF. ISBN 2903846448. EAN13 9782903846442.
- Geisen, Paul, Paul Rousseau & Jean Schiltz, 2017. Trois cents ans d'âge pour la franc-maçonnerie. PDF in ons stad 116: 46-49.
- Geisen, Paul, La franc-maçonnerie luxembourgeoise. Aperçu historique et spécificités.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Cf. http://grande-loge.lu/
- ↑ De Grand Orient de Luxemburg ass den Daachverband vun 12 Fräimaurerlogen aus 4 Länner. Quell: https://www.gol.lu