Gemünd (Our)

Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm
(Virugeleet vu(n) Gemünd op der Our)
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Gemünd ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz an Däitschland. D'Uertschaft ass en Deel vun der Verbandsgemeng Südeifel.

Gemünd
D'Kierch vu Gemünd
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 45
 (31. Dezember 2022)
Fläch 2,83 km²
Héicht 237 m
Koordinaten 49° 59’ 19.3’’ N
      06° 09’ 39.0’’ O
Telefonszon 06524
Postcode 54673
Websäit http://www.suedeifelinfo.de

Um Fouss vun der Uertschaft fléisst de Grenzfloss Our. Iwwert eng Bréck ass d'L10 un déi lëtzebuergesch N10 ugeschloss.

Geschicht änneren

D'Kierch St. Servatius gouf eng éischt Kéier, am Zesummenhang mat der Uertschaft Gemun, 1563 ernimmt.

Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Gemünd zu der Grofschaft Veianen am Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. No 1792 hu franséisch Revolutiounstruppen d'Éisträichesch Nidderlanden, zu deenen d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet, besat, an am Oktober 1795 annektéiert. Vu 1795 bis 1814 huet d'Uertschaft zum Kanton Neuerburg am Bëscherdepartement gehéiert.[1]

1815 goufen déi vireg lëtzebuergesch Territoiren ëstlech vun der Musel, der Sauer an der Our um Wiener Kongress dem Kinnekräich Preisen zougestanen. Sou koum d'Gemeng Gemünd 1816 zum Krees Béibreg am Regierungsbezirk Tréier an der Provënz Groussherzogtum Nidderrhäin, déi 1822 an der Rhäinprovënz opgoung. Gemünd gouf vu Karlshausen aus administréiert. Zanter 1946 gehéiert et zu Rheinland-Pfalz.


Um Spaweck änneren

Commons: Gemünd – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Statistisch-topographische Beschreibung des Regierungs-Bezirks Trier, Hetzrodt, 1818, S. 40 (Google Books)