D'Bréck vu Gemünd ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our um Floss-km 23,57. Se mécht d'Verbindung tëscht der N10 an der Sektioun Wuelessen vun der Gemeng Parc Housen op der lëtzebuergescher Säit an der Uertsgemeng Gemünd an Däitschland. Et ass déi zweet Bréck op där Plaz. Déi haiteg Bréck ass vun 1956 an ersetzt eng Boubréck vun 1878 déi 1944 vun der Wehrmacht gesprengt gouf. 1951 gouf geplangt fir eng provisoresch Bréck opzeriichten. Am August 1951 gouf mam Ënnerbau ugefaangen. Duerno war et e Joer roueg um Bau, well déi néideg Eisendunnen net konnten erbäigeschaaft ginn, soudatt d'Rezeptioun vun der Bréck eréischt Enn Oktober 1953 konnt gemaach ginn. Déi Bréck gouf bei engem schroen Äisgank am Mäerz 1956 ewechgrappt.

Bréck vu Gemünd
D'Bréck tëscht Wuelessen a Gemünd, a Richtung Däitschland gekuckt
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Wuelessen
Gemünd
Flosskilometer 23,565[1]
Koordinaten 49° 59’ 13.3’’ N° 06’ 09’’ 49.0
Chronologie
Baujoer 1878
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1956
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un N10
L10
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
(Vollplack iwwer 4 Felder)
Längt tëscht Widderlager 39,70 m
Felder/Béi 4
Feldbreet(en) 10,20 - 9,65 - 9,65 - 10,20 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz
Renovéiert 2020/2021

Well den Tablier scho méi laang an engem schlechten Zoustand war, gouf d'Fuerbreet 2019 op eng Spuer reduzéiert an am Fréijoer 2020 gouf mat Sanéierungsaarbechten ugefaangen déi viraussichtlech bis an der Februar 2021 sollten daueren.[2]

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Eesbech (flossop) an d'Bréck vu Stolzebuerg (flossof).

Biller änneren

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck vu Gemünd – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 6 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.
  2. "Grenzbrücke bleibt länger dicht." volksfreund.de, 13.04.2020.