Als Geeschterkrater gëtt an der Astronomie en alen Aschlagkrater bezeechent, deem säi Kraterrampli duerch laangundauernd Erosioun bal ganz ofgedroen ass an nëmme méi bei ganz flaachem Sonnestand siichtbar gëtt (kuckt d'Biller).

De grousse Moundkrater Ptolemäus. Um 150 km grousse flaache Katerbuedem läit riets - uewe vum klenge Lachkrater - am flaache Liicht e gréissere Geeschterkrater. Och lénks, an der Bildmëtt, sinn e puer klenger ze gesinn.

Och méi jonk Aschléi kënnen zum Verforme vun ale Strukture féieren, déi awer dacks duerch hir gestengstypisch, spektral Eegenschafte mat Spezialmethoden opgespiert kënne ginn. De Planetolog Eugene Shoemaker nennt si dofir och Palimpsest - analog zu den iwwerschriwwene Pergamenter an der Archeologie.

Literatur

änneren
  • K.Beatty et al: Die Sonne und ihre Planeten. Physik-Verlag, Weinheim 1983
  • Eugene Shoemaker: Kollision fester Körper, Kapitel 4 des obigen Werkes, 1983
  • Antonin Rükl: Mond, Mars, Venus. Taschenatlas der erdnächsten Himmelskörper. Artaria-Verlag, Prag 1977
 
Den 30km-Krater Lambert, fotograféiert aus der Ëmlafbunn vun Apollo 15. Ënner dem Lambert e Geeschterkrater mat ganz flaachem Buedem, uewe lénks en Deel vum Dorsum Zirkel.