Den Dorsum Zirkel ass en 210 km laangen Dorsum am Mare Imbrium op der viischter Moundsäit. E gouf 1976 nom däitsche Geolog a Mineralog Ferdinand Zirkel genannt.

Dorsum Zirkel
Uewe lénks de Südostdeel vum Zirkel-Réck. An der Bildmëtt de Moundkrater Lambert
Eegenschaften
Breet 29,55° N
Längt -24,82° W
Duerchmiesser 195,22 km
Genannt nom Ferdinand Zirkel
Genannt am Joer 1976

Südlech vun den nërdlechen Ausleefer vum Dorsum Zirkel läit eng Grupp vu ganz klenge Krateren.[1] D'Bezeechnunge goufe vun der NASA op der Topophotomap-Kaarteserie notéiert. D'I.A.U. huet déi Bezeechnungen am Joer 1976 iwwerholl.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link[2]
Annegrit 29,41° N, 25,64° W7 1 km [1]
Charles 29,88° N, 26,37° W7 1 km [2]
Mavis 29,75° N, 26,36° W7 1 km [3]
D'Kratere Annegrit, Charles a Mavis (Lunar Orbiter 4)
Schiif Usiicht vum Dorsum Zirkel (Foto: Apollo 15).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Topophotomap 40A1/S1
  2. Exzerpt aus Transactions of the IAU Bd. XVIB, Auteur D. Riedel, 1977