Gare Montparnasse
Erëffnung: 10. September 1840
Arrondissement: 14. & 15.
Passagéier all Joer: 50 Milliounen
Catenaire: 1500 V
Destinatiounen: Süd-West-Frankräich, Bretagne

D'Gare Montparnasse zu Paräis ass eng vun de siwen Haaptgaren an der franséischer Haaptstad. Si gouf den 10. September 1840 als Gare de l'Ouest ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Bretagne a fir laanscht d'atlantesch Küst.

Geschicht änneren

 
Zuchaccident an der Gare Montparnasse, 22.Oktober 1895.

D'Gare de Montparnasse gouf um lénksen Uwänner vun der Seine gebaut fir all d'Zich déi aus der Bretagne an aus der Aquitaine koumen. Si huet zanter der Ufankszäit als Alternativ fir d'Gare d'Austerlitz gedéngt. Haut ass se den Ausgankspunkt vum TGV Atlantique.

Déi éischt Gare, deemools Gare de l'Ouest - Rive gauche genannt, goung 1840 a Betrib a stoung op där Plaz wou elo den Tour Montparnasse steet.

Schonn 1852 gouf eng nei, méi grouss Gare op der selwechter Plaz gebaut. Déi al Gare huet dee staarken Trafic net méi gepackt.

Dat bekanntst Evenement an der Gare Montparnasse war d'Zuchaccident vum 22. Oktober 1895. Eng Damplokomotiv mat futtisse Bremsen huet déi hënnescht Mauer vun der Kappgare duerchschloen an ass laanscht enger 10 Meter héijer Mauer hänke bliwwen.

An den 1930-er Jore gouf d'Gare nach eng Kéier vergréissert duerch en Ubau, genannt Gare du Maine, fir d'Zich vun de grandes lignes.

Aktuell Gare änneren

An den 1960-er Jore gouf déi aktuell Gare ronn 400 Meter méi wäit zeréck gebaut an um Terrain vun der aler Gare ass e Büros- a Geschäftszenter entstanen, mat dem 209 Meter héijen Tour Montparnasse.

1990 gëtt Gare nach eng Kéier ëmgebaut duerch d'Aféierung vum TGV Atlantique.

An der Gare gëtt et 28 Gleiser mat Quai.

Mat den TGVen an der LGV Sud-Ouest si vill Zich vun der Gare d'Austerlitz an d'Gare Montparnasse geplënnert. Montparnasse ass haut déi eenzeg Gare vun där TGVen an de Süd-Weste vu Frankräich fortfueren. Am Géigenzuch, fueren haut keng Lunéa méi vun Montparnasse fort.

Destinatiounen änneren

 
Destinatioune vun der Gare de Montparnasse(grénge Beräich).