D'Gaardekräizspann (Araneus diadematus) ass eng Spannenaart vun der Gattung Kräizspannen bannent der Famill vun den Araneidae. Et ass déi heefegst Aart aus der Gattung vun de Kräizspannen a Mëtteleuropa.

Gaardekräizspann
e Weibchen

e Weibchen
e Weibchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Chelicerata
Klass: Arachnida
Uerdnung: Araneae
Ënneruerdnung: Araneomorphae (Echt Wiefspannen)
Famill: Araneidae
Gattung: Kräizspannen (Araneus)
Wëssenschaftlechen Numm
Araneus diadematus

Charakteristiken änneren

D'Gaardekräizspann gehéiert zu de gréisste Spannenaarten an eise Géigenden. De Kierper vum Weibche kann 1,8 cm, dee vum Männchen der 1,0 grouss ginn. Si ass liicht un de fënnef helle Flecken, uewen op hirem Hënnerlief, z'erkennen, déi zesummen ausgesi wéi e Kräiz. Si kann hir Faarf an d'Hellegkeet hirer Ëmgéigend upassen.

Verbreedung an Habitat änneren

D'Gaardekräizspann kënnt a ganz Mëtteleuropa vir. Si kënnt do an der fräier Landschaft a Streeuebstwise vir; manner heefeg a Kiferbëscher, Moueren, Bichebëscher, Uwänner vu Bëscher an Hecken.

Ernierung änneren

 
Eng Gaardekräizspann ëmwéckelt hir Beit mat engem Sekretband aus hire Spanndrüsen

Kräizspannen erniere sech vun all deenen Insekten, déi se an hiren Netzer fänke kënnen. Ass eent gefaangen, gëtt et vun der Spann erbass a mat engem Sekretband aus de Spanndrüsen agewéckelt, andeems se hir Beit mat de Been séier ronderëmdréint. Wa se se net direkt friesse wëll, gëtt d'Beit agesponnen an als Resev an d'Netz gehaangen.

Fortpflanzung änneren

E Männchen, prett fir sech ze verkoppelen gëtt vum Weibchen erbeit. (Video, 4m 11s)

D'Verkoppelungszäit ass am August; et kënnt net seele vir, datt d'Männerche vun de Weibercher, déi bal duebel sou grouss sinn, gefriess ginn. De Männche spënnt am Netz vum Weibchen e Fuedem, un deem en zitt, fir seng Bereetschaft ze signaliséieren. Ass d'Weibchen d'accord, kruebelt et vun der Mëtt vum Netz bei de Männchen a verkoppelt sech. Am Hierscht leet d'Weibchen da seng Eeër an e gielzeche Kokon a stierft dono. Déi Jonk kommen am Abrëll/Mee op d'Welt. Dës mussen nach eng Kéier iwwerwanteren, ier se sech dat Joer drop selwer verkoppele kënnen.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Araneus diadematus – Biller, Videoen oder Audiodateien