De GJ 3021 b, (oder och HD 1237 b) ass e substellaren Objet mat enger Mass vun ongeféier 3,4 Jupitermassen an domat en Exoplanéit-Kandidat. Hie begleet de sonnenänleche Stär GJ 3021. Den Nowäis vum GJ 3021 b war dem Naef et al. mat Hëllef vun der Radialvitessmethod gelongen. De Planéit gouf de 25. Januar 2000 entdeckt.

Usiicht vu Gliese 3021 b bei Celestia.

Bunneegenschaften

änneren

Déi grouss Hallefachs vu sengem Orbit ass ronn 0,5 Astronomesch Eenheeten, d'Bunnexzentrizitéit ass mat 0,5 relativ héich an entsprécht enger Periapsis vun 0,2 an enger Apoapsis vun 0,7 Astronomeschen Eenheeten. Iwwerdroen op d'Dimensioune vun eisem Sonnesystem géif de Kierper d'Bunne vum Merkur an der Venus schneiden. E vollstännegen Ëmlaf dauert 134 Deeg.

Physikalesch Eegenschaften

änneren

De GJ 3021 b huet eng Mass vun 3,4 Jupitermassen (zirka 1100 Äerdmassen). Wéi an de meeschte Fäll bei Objeten, déi mam Miesse vun der Radialvitess entdeckt goufen, ass d'Bunnschréi vum Objet net bekannt. An enger publizéierter Studie am Joer 2001 gouf bei enger Auswäertung vun Donnéeë vum Astrometrie-Satellit Hipparcos eng Bunnschréi vun 12° bestëmmt, wat zur Folleg gehat hätt, datt d'Mass vum GJ 3021 b iwwer 16 Jupitermasse grouss wier. Weider Analysen hunn awer gewisen, datt d'Donnéeë vum Hipparcos net gutt genuch waren, fir eng genee Bunnschréi auszerechnen.

Literatur

änneren
  • Naef et al.: The CORALIE survey for southern extrasolar planets V. 3 new extrasolar planets. (2001). Astronomy and Astrophysics 375 (1): 205–218. Artikel

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren