Friedrich Dumoulin
De Friedrich Ferdinand Jakob Dumoulin (oder du Moulin; op frans. och alt Frédéric Ferdinand Jacob Dumoulin), gebuer den 13. Oktober 1776 zu Den Haag an de Vereenegte Provënzen, a gestuerwen de 16. Juni 1845 zu Berlin, am Kinnekräich Preisen, war en hollänneschen, dono preisesche Militär.
Friedrich Dumoulin | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1776 Den Haag |
Gestuerwen |
16. Juni 1845 Berlin |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Feldhär |
Hien huet an den Napoleonesche Kricher matgemaach a gouf dann 1815, bis 1842, Militärkommandant vun der Festung Lëtzebuerg.
Liewen a Karriär
ännerenDe Friedrich Dumoulin war de Bouf vun der Johanna Hildegardeet a vum Karl Dietrich Dumoulin, engem Leitnant-Generol vun der Hollännescher Arméi, dee Kommandant a Gouverneur vun der Festung vu Sluis war. Säi Grousspapp, de Ferdinand Théophile Dumoulin (1688-1730) war Kommandant vun der Zitadell vun Namouer. Säi Brudder war de preisesche Generol Peter Dumoulin.
De 4. Januar 1813 huet hie sech mat der Johanna Karoline Sophie von Bojanowski bestuet.
Hien huet seng militäresch Karriär den 13. Oktober 1790 ugefaangen, als Kadett vum hollännesche Mineurs-Corps. Den 30. Juli 1792 goung hie bei d'Marinn vun der Republik vun de Vereenegte Provënzen agouf den 10. November dat Joer enseigne de vaisseau am Infanterie-Regiemen Westerloo.
Am Éischte Koalitiounskrich huet hie fir d'Hollänner bei der Belagerung vu Breda an an der Schluecht vun Hondschoote gekämpft, a gouf den 20. Februar 1794 zum Leitnant befërdert. 1797 ass hie vun der Hollännescher bei déi Preisesch Arméi gewiesselt, wou hien de 6. September Lieutenant-secrétaire beim Infanterie-Regiment vun Hessen-Kassel gouf.
Wärend dem Véierte Koalitiounskrich, an der Schluecht vun Auerstedt, gouf hie vun enger Kugel am Déckt vum Bee schwéier blesséiert. Nom Fridde vun Tilist, den 19. Mee 1808, koum hie bei dat 1. Regiment vun der Garde zu Fouss, a gouf do de 6. November zum Éischte Leitnant ernannt.
No engem Transfert op Kolberg gouf hien den 8. Mäerz 1813 zum Majouer befërdert. De 27. Dezember gouf hien dem Leitnant-Generol von Bülow säin Etat-majouers-Offizéier. De 6. August gouf hie Liaisounsoffizéier zu Den Haag, a war 1815, wärend der Campagne de France, bei der Belagerung vu Lonkech mat derbäi.
Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg
ännerenDe 15. Abrëll 1815 gouf de Friedrich Dumoulin zum Festungskommandant vun der Festung Lëtzebuerg ernannt, a blouf dat bis 1842, déi meescht Zäit ënner dem Festungsgouverneur Ludwig-Wilhelm von Hessen-Homburg. Domat stoung hien un der Spëtzt vun der Garnisoun vun der Preisescher Arméi, déi zu Lëtzebuerg wéinst der Memberschaft vum Land am Däitsche Bond stationéiert war.
Den 3. Oktober 1815 gouf hien zum Leitnant-Kolonell, den 19. September 1818 zum Kolonell, an den 30. Mäerz 1829 zum Majouer-Generol befërdert.
No der Belscher Revolutioun blouf hien dem Wëllem I. vun Holland trei. 1833 gouf sech provisoresch drop gëeenegt, datt, bis eng zerguttst Léisung fonnt wier, et ronderëm d'Festung Lëtzebuerg (déi wéi gesot orangistesch war), an dem Rescht vum Land, deen de facto belsch war, eng Zort Pufferzon vun 2 Meile géif, déi net vun de Belsch verwalt dierft ginn. Dëst huet alt emol zu Tensioune mam Kommandant vun de belschen Zaldoten an der Provënz Lëtzebuerg gefouert, z. B. wéi et zu enger orangistescher Konterrevolutioun koum, oder 1838 bei der "Affär vu Stroossen", wéi den Demoulin eng 1200 Mann aus der Festung lassgeschéckt huet, fir zu Stroossen e belsche Fändel ewechzehuelen, deen do opgehaange gi war.[1]
Den 30. Mäerz 1839 gouf den Demoulin zum Leitnant-Generol promouvéiert; hien ass den 11. August 1842 pensionéiert ginn. Seng Verletzung, déi en zu Auerstedt opgeraf hat, huet 1845 missen operéiert ginn. Dobäi huet hien souvill Blutt verluer, dass en de 16. Juni 1845 doru gestuerwen ass. Hie gouf den 21. Juni 1845 um Invalidenfriedhof zu Berlin begruewen.
Fir un hien z'erënneren, gouf ee Fort vun der Festung Lëtzebuerg, de Fort Dumoulin, no him genannt.
Gielercher
änneren- Croix de fer sur ruban blanc (November 1813)
- Eiserne Kreuz 1. Klasse (18. Juni 1816)
- Medaille voor Militaire Verdienste voor Nederlandse Soldaten / Croix de Commandeur de l'Ordre du Mérite militaire néerlandais (6. September 1835)
- Ordre de la couronne de chêne (Groussoffizéier)
- Roter Adlerorden 1. Klass
- Ordre de Saint-Vladimir 3. Klass
- Ordre militaire de Guillaume (13. Abrëll 1831)
Literatur
änneren- Jean-Joseph Thonissen: La Belgique sous le règne de Léopold Ier. Etudes d’histoire contemporaine, Louvain: Vanlinhout et Peeters, 1861, tome II.
- Alfred de Ridder: Histoire diplomatique du traité du 19 avril 1839.Bruxelles: Vromant, 1920.
- J.W. Niermans: Du Moulin. in Nederlandsche Leeuw. 95 (1978), S. 21–47.
- Militär-Wochenblatt. 1845, Band 28, Teil 1, S. 187. S. 189.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ "HISTOIRE DIPLOMATIQUE DU 19 AVRIL 1839 par A. DE RIDDER (1920) - CHAPITRE III : titre 7. Incidents à Niederauwen (sic), à Hostert et à Schauweiller. Explications et nouveaux empiètements du général Dumoulin. op unionisme.be
Dësen Artikel ass zu engem gréissten Deel eng Iwwersetzung vun fr:Frédéric Dumoulin a de:Friedrich Ferdinand Jakob du Moulin an der Versioun vum 08.10.2024.