Fred-Welter-Pad

Sentier pédestre national Fred Welter


De Fred-Welter-Pad, offiziell Sentier pédestre national Fred Welter, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

Fred-Welter-Pad
D'Äsbech bei Bäerdref
vu(n) Scheedgen
op Scheedgen
Längt 22 km
déifste Punkt Mëllerdall
héchste Punkt Wuelper
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Konsdref,
Bäerdref

De Pad ass 22 km laang a leeft als Circuit vum Scheedgen iwwer Konsdref hannescht op de Scheedgen. Den déifste Punkt (217 m) ass am Mëllerdall an den héchsten (383 m) zu Wuelper (Muerbësch)[1].

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Scheedgen, Juckefeld, Kalkesbaach, Heeschbech, Bäerdref, Dousterterhaff, Mëllerdall, Konsdref, Wuelper, Scheedgen. Informatiounspanneaue gëtt et um Scheedgen, zu Bäerdref, am Mëllerdall an zu Konsdref.

Bemierkungen

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Fred-Welter-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Informatiounen op Geoportail.lu