Francorchamps

belsch Uertschaft


Francorchamps (op Wallounesch Francortchamp) ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Stavelot an der Provënz Léck.

Francorchamps
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Stavelot
Koordinaten 50°27'14"N, 5°57'7"O
Websäit http://www.francorchamps.org/

Virun de belsche Gemengefusioune vun 1977 war Francorchamps eng eegestänneg Gemeng zu där d'Uertschafte Ster, Hockai, Baronheid, Cronchamps an Neuville, dat vu La Gleize detachéiert gi war, gehéiert hunn.

Geographie änneren

D'Uertschaft läit um Uwänner vun der Eau Rouge, engem klengen Niewefloss vun der Amblève am Héije Venn.

Geschicht änneren

Am Ufank vum Éischte Weltkrich den 8. August 1914 wéi Däitschland d'Belsch iwwerfall huet, huet de 74. Infantrieregiment zu Francorchamps 25 Haiser zerstéiert, a 14 Zivilisten erschoss.

Kuckeswäertes änneren

Bekannt Persounen änneren

Um Spaweck änneren