François Erpelding (Archeolog)

lëtzebuergeschen Archeolog
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Amateur-Archeolog François Erpelding. Fir den Eisebunner a Politiker mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Erpelding (Eisebunner).

De François (Franz) Erpelding, gebuer de 6. Mäerz 1890 zu Nidderkuer an do gestuerwen de 25. Oktober 1974, war e lëtzebuergeschen Aarbechter an Amateur-Archeolog.

François Erpelding
Gebuer 6. Mäerz 1890
Nidderkuer
Gestuerwen 25. Oktober 1974
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Aarbechter, Amateurarcheolog
Member vun Déifferdenger Geschichtsfrënn, Section historique vum Institut grand-ducal

De Franz Erpelding huet mat 13 Joer ugefaange mat schaffen. Tëscht 1903 an 1918 huet hien ë. a. an de Minièrë vu Lamadelaine geschafft, a vun 1918 bis 1953 op der Schmelz vun der HADIR zu Déifferdeng.

Als autodidakteschen Amateur-Archeolog huet hie säi Liewe laang den Tëtelbierg erfuerscht. Hie war President vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn. Vun 1962 u war hie „membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

1965 huet hien dem Staatsmusée seng Sammlung vun Artefakten, déi hien um Tëtelbierg fonnt hat, dorënner 190 gallesch respektiv gallo-réimesch an 283 réimesch Mënzen, geschenkt.

Zu Nidderkuer ass eng Strooss no him benannt: rue Franz Erpelding (L- 4553 Niederkorn).

De Franz Erpelding war de Papp vum René Erpelding, de 5. Mäerz 1925 zu Nidderkuer gebuer[1] an de 25. Oktober 1992 zu Déifferdeng gestuerwen, Member vum Déifferdenger Gemengerot vun 1969 bis 1990 a Schäffe vun 1979 bis 1990, Member vun der LSAP.[2]

Literatur änneren

  • Reding, Lucien, 1968. Les monnaies gauloises de la collection de M. Franz Erpelding de Niedercorn. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. 84 (1968), S. 167-182.
  • Weiller, Raymond, 1968. Les monnaies romaines et gallo-romaines de la collection de M. Franz Erpelding de Niedercorn. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. 84 (1968), S. 183-202.
  • Weiller, Raymond, 1976. Numismates au pays de Luxembourg. Hémecht 28 (1976) (4): 459-490 (Franz Erpelding: S. 476).

Referenzen änneren

  1. Fédération des enrôlés de force
  2. Logelin-Simon, Armand, 2018. Il y a plusieurs fois 25 ans. Galerie 35 (2017), N° 4, S. 634.