Fraiture (Vielsalm)
Fraiture ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Vielsalm, an der Provënz Lëtzebuerg, eng ronn 1.500 Meter ëstlech vun der Baraque de Fraiture.
Fraiture | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Baaschtnech |
Gemeng | Vielsalm |
Koordinaten |
50° 15’ 28’’ N 05° 45’ 09’’ O |
Telefonszon | 080 |
Postcode | 6690 |
D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 550 Meter.
Südlech vu Fraiture läit e 660 ha grousst Naturschutzgebitt dat sech aus zwéin Deeler zesummesetzt, La Grande Fagne an A Sacrawé.
Um Spaweck
ännerenCommons: Fraiture, Vielsalm – Biller, Videoen oder Audiodateien |