Fleeschmécken (Sarcophagidae) sinn eng Famill vun den Diptera an där hirer Ënneruerdung Mécken (Brachycera). Weltwäit sinn eng 2.500 Aarte bekannt.

Fleeschmécken
eng männlech Fleeschméck

eng männlech Fleeschméck
eng männlech Fleeschméck
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Diptera
Ënneruerdnung: Mécken
Famill: Fleeschmécken
Wëssenschaftlechen Numm
Sarcophagidae
Macquart, 1834
Gattung

Sarcophaga
Senotaina
Blesoxipha
Agria

D'Fleeschmécke si gro oder schwaarz an hunn dacks eng Zeechnung wéi e Schachbriet un Hannerleif. Um Thorax si se de laange Wee gesträift. Se kënne bis zu 15 Millimeter grouss ginn. Hire Mondapparat ass ugeluecht fir Flëssegkeeten opzelecken. D'Mécken erniere sech vu verschiddene Flëssegkeeten wéi z. B. Honigtau, Nektar, dem Jus vu Beem oder vu Friichten.

D'Larve liewen an ënnerscheedleche Substraten, meeschten där vun Déieren, woubäi déi ursprénglech Aarte sech vun doudegem Fleesch ernieren (Nekrophagie). Eng Rëtsch weider Aarte si Parasitoiden, déi un oder a wierbellose Wiirt liewen (wéi Reewierm, Schleeken, Skorpiounen, Kiewerleken an Zikaden.

Literatur änneren

  • Haupt J, Haupt H: Fliegen und Mücken – Beobachtung, Lebensweise, Augsburg 1998.
  • Honomichl K, Bellmann H: Biologie und Ökologie der Insekten; CD-Rom, Gustav Fischer Verlag, Stuttgart 1994.

Um Spaweck änneren

Commons: Fleeschmécken – Biller, Videoen oder Audiodateien