Flavigny-sur-Ozerain

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Côte-d'Or

Flavigny-sur-Ozerain ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Côte-d'Or an der franséischer Regioun Bourgogne.

Flavigny-sur-Ozerain
Eng Stadpaart

Eng Stadpaart
Eng Stadpaart
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Côte-d'Or
Arrondissement Montbard
Kanton Montbard
Postcode 21150
Gemengecode 21271
Koordinaten 47° 30’ 46’’ N
      04° 31’ 55’’ O
Fläch  2 779 ha
Bevëlkerung  341 (1999)

D'Duerf ass als eent vun de schéinsten Dierfer a Frankräich klasséiert.

Wann een aus dem Dall vum Ozerain kënnt, ass déi schmuel Kierchtuermspëtz, dat éischt wat e vun der Strooss vu Pouillenay aus gesäit. Déi brong Daachzillendiech op deenen heiansdo Reschter vum fréiere Lavagedecks blénken, an déi gréngelzeg-brong Mauere vun den Haiser maachen en Androck wéi wann dat ganzt Duerf mat dem Fiels op deem et steet géif verschmëlzen.

Wann een duerch d'Paart vun der Zuchbréck an d'Duerf kënnt, oder duerch d'Porte du Val mat senge ronnen Tierm an de Schéisslächer an der Éig, dat mengt een et wier en an de Mëttelalter zeréckgesat.

Wärend zwielef Joerhonnerten hat d'Benediktinerabtei Saint-Pierre e groussen Afloss op d'Uertschaft. An der franséischer Revoltioun gouf se awer praktesch ganz zerstéiert. Just d'karolengesch Krypta huet déi Zäit iwwerlieft.

Schéin al Gebaier, sinn an der rue du Four eng Scheier aus der Zäit vum hellege Louis, an en Haus aus der Zäit vum Louis XII. dat als historescht Monument klasséiert ass.

Wann een déi géi Kierchstrooss eropgeet kënnt ee laanscht gutt erhalen Härewunnengen, an d'Reschter vun de fréieren Halen, vun deenen nach just e puer Pileren do stinn.

Den Urbanismus vun där klenger Stad ass sou complex, datt trotz deem klenge Raum wou se drop steet vu Quartiere geschwat gëtt. Déi gréisst dovu sinn déi sougenannt Ville mat der Strooss déi bei d'Plaz virun der Kierch Saint-Genest féiert, an d'Villages déi haaptsächlech aus der rue de la Poterne an der rue du trop Chaud besteet.

Duerch d'Ëmbaue vun de Wënzerhäiser a Bauerenhaiser déi am Stil méi einfach gehale sinn, sinn eng grouss Partie vu Renaissanceelementer verschwonnen, oder se goufen egal wéi mat agebaut, soudatt et virkënnt datt een an enger krommer Stallfënster Ornamenter aus der Renaissance erëmfënnt.

De Wäibau gouf zu Flavigny viru ronn honnert Joer komplett opginn.

D'Duerf am Film änneren

Baussendréiaarbechte vum Lasse Hallström sengem Film Chocolat mat der Juliette Binoche an dem Alfred Molina goufen zu Flavigny-sur-Ozerain gemaach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Flavigny-sur-Ozerain – Biller, Videoen oder Audiodateien