First-H war eng lëtzebuergesch Museksgrupp vun Déifferdeng.

First-H
Museksgenre Blues-Funk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1994
Memberen Fränz Meisch (Gesank)
Daniel Fastro (Bass)
René Macri (Bass)
Joël Heyard (Batterie)
Sacha Heck (Kyboard)
Laurent Biel (Keyboard)
Remo Cavallini (Gittar)

Bandgeschicht änneren

First-H gouf 1994 gegrënnt. Membere waren de Sänger Fränz Meisch, d'Bassisten Daniel Fastro a René Macri, den Drummer Joël Heyard, d'Keyboardiste Sacha Heck a Laurent Biel an de Gittarist Remo Cavallini. Si hunn 1996 en Newcomer-Contest vun Eldoradio gewonnen a sinn als Virband vun Toto zu Déifferdeng an am November 1996 vu Bon Jovi zu Beetebuerg opgetrueden.[1]

Mëtt der 1990er huet First-H Lidder zu de Kompilatiounen Mac Attack a Rock um Knuedler bäigedroen an am Januar 1998 de Studiosalbum Hey Momo erausbruecht, deen zu Leideleng opgeholl gi war. Den Extrait Thousand Years ass op de Lëtzebuerger Radiostatioune gelaf.

2000 huet d'Grupp nach d'CD Bring It Back verëffentlecht a fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg d'Lidd A wann et reent... opgeholl.

Album änneren

  • 1998: Hey Momo

Single (op CD) änneren

  • 2000: Bring It Back

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. www.bonjovimuseum.com (gekuckt den 18. Januar 2014)