Locarno Film Festival

(Virugeleet vu(n) Festival vu Locarno)

De Locarno Film Festival (offiziell Schreifweis) ass e bedeitende Filmfestival zu Locarno an der italieeneschsproocheger Schwäiz. E gëtt zënter 1946 all Joer am August organiséiert a gëllt niewent de Festivalle vu Cannes, Venedeg a Berlin zu de bedeitendste Filmfestivallen an Europa.[1]

D'Piazza Grande, d'Haaptplaz vu Locarno, mat der Filmleinwand op där Filmer viru bis zu 8.000 Zuschauer gewise ginn

Gewise gi Filmer an a baussent der offizieller Kompetitioun, dorënner Spillfilmer, Documentairen a Kuerzfilmer. Den Haaptpräis fir all Filmer, déi an der Kompetitioun matmaachen, ass de Gëllene Leopard (Pardo d'oro). Donieft ginn awer och nach den Éiereleopard (Pardo d'onore), de Spezialpräis vun der Jury a Präisser fir déi bescht Regie a Schauspillerei verdeelt.

Schonn 1939 gouf zu Locarno e Filmstudio gegrënnt. 1944 huet eng kleng Grupp Leit, inspiréiert vum Filmfestival vu Venedeg, e Filmfestival zu Lugano organiséiert, enger anerer Stad am Schwäizer Kanton Tessin. Well d'Kinossäll ze kleng ware wollte si an engem neie Fräiloftkino weidermaachen, mee an engem Referendum gouf 1946 géint de Bau vun där Struktur gestëmmt. Doropshinn huet d'Stad Lucarno entscheed, e Kino am Park vum Grand Hotel Muralto opzerriichten, wou dunn och e puer Méint méi spéit den éischte Film vum neie Filmfestival vu Locarno gewise gouf. Et war den italieenesche Film O sole mio. Als beschte Film gouf dem René Clair säin And Then There Were None ausgezeechent.[2] An den 1970er huet de Festival déi gréisste Filmleinwand an Europa installéiert.[2] Och haut nach gi Filmer op esou enger Riiseleinwand fir bis zu 8.000 Zuschauer op der Haaptplaz vun der Stad, der Piazza Grande, gewisen.

D'Editioun 1951 ass ausgefall,[2] an d'Editioun 2021 gouf wéinst der Coronaviruspandemie deels digital, deels viru Public organiséiert.[1]

2021 hat de Festival ronn 75.000 Visiteuren.[3]

Zu de lëtzebuergesche Filmer, déi zu Locarno gewise goufen, zielen ënner anerem de Kuerzfilm En compagnie de la poussière (2008) an d'Koproduktioun Vijay and I (2013).

Homepage änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 dw: Locarno Film Festival 2021 Filmfestival in Locarno trotzt Corona vum Torsten Landsberg (3 August 2021)
  2. 2,0 2,1 2,2 srf.ch: Das Filmfestival Locarno hat 70 bewegte Jahre hinter sich vum Michael Sennhauser an Alexander Grass (2. August 2017)
  3. rts.ch: Le Festival de Locarno a renoué avec une partie de son public (16. August 2021)