En compagnie de la poussière

En compagnie de la poussière ass e Kuerzfilm vum Lëtzebuerger Regisseur Jacques Molitor. En hat den 8. Mee 2008 Première am Utopia um Lampertsbierg. D'Musek huet den Daniel Balthasar komponéiert.

En compagnie de la poussière
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Première 8. Mee 2008
Dauer 19 min
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Jacques Molitor
Dréibuch Jacques Molitor, Xavier Seron
Fotografie Tommaso Fiorilli
Musek Daniel Balthasar
Schnëtt Joël Mann
Produzent Michel Dutry
Jean-Yves Robin
Jean-Yves Roubin
Produktiouns-
gesellschaft
Frakas Productions, Paul Thiltges Distributions
Schauspiller
Thomas Coumans: Michel
Pol Deranne: Ale Mann
Guillaume Dumont: François
Jean-Jacques Rausin: Benoit
Anne-Catherine Reigniers: Alice
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film gouf an der Sectioun "Leoparde vu muer" (nom Haaptpräis, dem gëllene Leopard) vum renoméiert Filmfestival vu Locarno gewisen.[1]

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Michel an de François si gutt Frënn. De François schéngt awer méi ze wëlle wéi nëmme Frëndschaft. Da bréngt d'Zoufallsbekanntschaft Alice op ee Mol tragesch Evenementer an d'Rullen...

Wat sot d'Press? änneren

Fränk Grotz, d'Lëtzebuerger Land:[1]

Co-produit par la société belge FraKas et Paul Thiltges Distributions du Luxembourg, ce court-métrage profite du nombre (une trentaine environ) et de la qualité de ces collaborateurs. Thomas Coumans et Guillaume Dumont sont parfaitement à la hauteur d'un scénario qui s'appuie davantage sur le jeu du corps que sur les paroles. Les images signées Tommaso Fiorilli ne captivent pas seulement par leur caractère souvent insolite, mais aussi par la qualité de leur exécution technique.

Festival-Selektiounen änneren

  • August 2008 - Les Films du Monde, Québec
  • August 2008 - Sectioun "Pardi di Domani", Filmfestival vu Locarno, Schwäiz
  • September 2008 - Queer Lisboa, Lissabon, Portugal
  • Oktober 2008 - Flanders Internation Film Festival Ghent, Belsch
  • Abrëll 2009 - International Film Festival, Dresden, Däitschland
  • Abrëll 2009 - Torino International Gay&Lesbian Festival "Da Sodoma a Hollywood"
  • Oktober 2009 - DirActors Cut - Luxembourg Film Festival (Short Film Night)

Televisioun änneren

En compagnie de la poussière ass am Mäerz 2009 um franséische Sender ARTE am Kader vum Magazin Court-circuit gewise ginn.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 land.lu: Pour la vie et au-delà vum Fränk Grotz (31. Juli 2008)