Ernzen (Irrel)

Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Ernzen an der Verbandsgemeng Südeifel. Fir déi lëtzebuergesch Uertschaft, déi op Däitsch och Ernzen heescht, kuckt wgl. Iernzen.

Ernzen ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel, am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Se läit op der Südsäit vum Ferschweiler Plateau.

Ernzen
DEU Ernzen COA.svg
Pfarrkirche Ernzen (Ernzen Parish Church) - geo.hlipp.de - 14761.jpg
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees DEU Eifelkreis Bitburg-Pruem COA.svg Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng DEU VG Suedeifel COA.svg Südeifel
Awunner 407 (31 Dezember 2021)
Fläch 999 ha
Héicht 310 m
Koordinaten 49° 50’ 30’’ N
      06° 25’ 32’’ O
Telefonszon 06525
Postcode 54668
Websäit http://www.suedeifelinfo.de/
Ernzen in BIT.svg


GeschichtÄnneren

D'Geschicht vun Ernzen ass bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert enk mam Klouschter Iechternach verbonnen. Eng éischt Kéier ass et als Arenza 895 an enger Charte ernimmt, mat där de loutrengesche Kinnek Zwentibold dem Iechternacher Klouschter de Besëtz vun der Uertschaft confirméiert huet. Dokumenter vu méi spéit schwätze vun Erneza (1148), Herense, Errensem an Ernszem.

1570 gouf eng Kapell an der Uertschaft als eng Filial vun Iechternach ernimmt. Se gouf 1613 restauréiert an 1808 nei opgebaut, andeems en Altor aus der Liboriuskapell, déi verfall war, do opgeriicht gouf. Ernzen war mat Ferschweiler, Prümzurlay a mat dem Laeisenhof eng vun de véier Meiereie vun der Propstei Iechternach, zu där och nach e puer Häff a Mille gehéiert hunn.

1848 hat d'Bürgermeisterei Ernzen 1612 Awunner.

PopulatiounÄnneren

  • 1815 – 315
  • 1835 – 614
  • 1871 – 483
  • 1905 – 527
  • 1939 – 838
  • 1950 – 563
  • 1961 – 539
  • 1965 – 553
  • 1970 – 554
  • 1975 – 498
  • 1980 – 482
  • 1985 – 467
  • 1987 – 457
  • 1990 – 440
  • 1995 – 412
  • 2000 – 390
  • 2005 – 432
  • 2007 – 450

Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz, all Kéier den 31. Dezember.

KuckeswäertesÄnneren

  • Den Ernzer Felsenweiher, e Kaarpeweier aus dem 19. Joerhonnert, haut eng idyllisch Plaz
  • E réimescht Monument aus dem 2. Jh. n. Chr.

Um SpaweckÄnneren