Felix-Aguilar-Observatoire

De Felix-Aguilar-Observatoire (spuenesch Observatorio Félix Aguilar, OAFA) ass en traditionellen Observatoire an Argentinien. Den Observatoire gouf nom argentineschen Astronoman Ingenieur Félix Aguilar (1884-1943), dee vun 1919 bis 1921 a vun 1934 bis zu sengem Doud Direkter vum Observatoire La Plata war, genannt.

Spigelteleskop vum haitegen Observatorio Carlos Cesco

Observatorio Carlos Cesco änneren

Zesumme mam Yale-Columbia Southern Observatory gouf eng Sektiounsplaz, den El Leoncito Observatory, gegrënnt, déi vun 1965 eng Duerchmusterung vun der südlecher Hemisphär gemaach huet. D'Haaptinstrument ass en Duebelastrograph deen aus zwéi grousse Refraktere mat jee 51 cm Ëffnung besteet.

E steet am El Leoncito National Park (Parque Nacional El Leoncito, zwéi Kilometer ëstlech vun der astronomescher Ariichtung Leoncito an der Provënz San Juan.

E gouf 1990 zu Éiere vum 1987 verstuerwenen Astronom Carlos Ulrrico Cesco an Observatorio Carlos Cesco ëmgenannt. De Minor Planet Center schreift dem Observatoire e Koup Entdeckunge vun Asteroiden zou. En ass mat engem neie 76 cm-Spigelteleskop ekipéiert.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie