Observatoire La Plata
Den Observatoire La Plata, engl. La Plata Astronomical Observatory ass en Observatoire an der Stad La Plata an Argentinien.
Per Dekreet vum 7. Mee 1881 gouf vum Grënner Dardo Rocha vu La Plata a Gouverneur vu Buenos Aires beschloss, en Observatoire ze bauen. De Bau ass am Joer 1883 ugefaange ginn, ee Joer nodeem de Paräisser Observatoire d'Instrumenter an Argentinie geschéckt hat, fir de Venustransit z'observéieren, deen e grousse wëssenschaftlechen Interessi hat. Déi gréisst Instrumenter sinn en 80 cm-Spigelteleskop, ee fir déi deemoleg Zäit exzellent Instrument, an en 43 cm-Refrakter, béid hiergestallt vun der Firma Gaultier.
-
Teleskopdoum
-
Spigelteleskop
-
Refrakter
Quellen
änneren- Facultad de Ciencias Astronómicas y Geofísicas, Universidad de la Plata (es)
- M. Gonzales: L'Observatoire astronomique de l'Université nationale de La Plata, Ciel et Terre, Volume 37. Bulletin of the Société Belge d'Astronomie, Brussels, 1921, p. 113
Um Spaweck
ännerenCommons: Observatoire La Plata – Biller, Videoen oder Audiodateien |