Haaptmenü opmaachen

De Federalismus ass en Organisatiounsprinzip vun engem Land, bei deem eenzel Glidderstaaten eng gewëssen Autonomie hunn. Beispiller fir sou federal organiséiert Staate sinn d'Belsch, Däitschland, d'Schwäiz, awer och d'USA. Meeschtens ass de Federalismus historesch bedéngt an ass d'Konsequenz vum Zesummeschloss vu méi verschiddene Vëlker oder Kinnekräicher. En erméiglecht d'Fusioun vu méi klenge Staaten zu engem groussen, ouni datt d'Populatioun dobäi riskéiere géif hir Identitéit ze verléieren oder kee regionaalt Matsproocherecht méi ze hunn.[1]

Federalismus an der BelschÄnneren

D'Belsch ass ee Spezialfall vum Federalismus, éischtens, well se 1830 als Eenheetsstaat geschafe gouf, an eréischt géint Enn vum 20. Joerhonner, no enger Rëtsch vu Staatsreformen, 1994 zu engem federale Staat ëmgebaut gouf; an zweetens, well d'Land net a kloer definéiert Glidder ënnerdeelt ass, mä well déi sech jee no Zoustännegkeetsberäich iwwerschneiden.[2] D'Land ass souwuel a Regioune wéi och a Communautéiten agedeelt.

CommunautéitenÄnneren

Den historesche But vun der Andeelung a Communautéiten, ass d'Ofgliddere vum Staat an seng sproochlech a kulturell Gebidder. Dofir gëtt et déi Franséisch, déi Flamännesch an déi Däitschsproocheg Communautéit. D'Zoustännegkeetsberäicher vun de Communautéiten belafe sech deemno och haaptsächlech op d'Kultur, d'Educatioun sou wéi sozial a persounebezunnen Ugeleeënheete wéi Jugendschutz oder Familljebäihëllefen.[3]

RegiounenÄnneren

Nieft de Communautéiten ass d'Belsch an Regiounen agedeelt, déi sech hierarchesch de Communautéiten net ënneruerdne loossen. D'Regiounen sinn historesch entstanen, well net all Regioun an der Belsch gläichermoosse staark am Industrie- oder am Déngschtleeschtungsberäich waren, wat déi no méi Autonomie striewe gelooss huet.[2]

D'Belsch deelt sech sou nierft den dräi Communautéiten an déi dräi Regiounen an:

D'Zoustännegkeetsberäicher vun de Regiounen sinn d'Ekonomie, Aarbechtsplazen, ëffentlechen Déngscht, awer och z.B. Energieversuergung oder Waasserbau. Ausserdeem iwwerwaachen d'Regiounen d' Provënzen, d'Gemengen an d'Intercommunalen.[4]

Federalismus an DäitschlandÄnneren

Däitschland ass haut a 16 sougenannt Bundeslänner agedeelt. Sonnerfäll sinn dobäi d'Bundeslänner Hamburg, Bremen a Berlin, déi Bundesland an Landeshaaptstad gläichzäiteg sinn. Mat der Konstitutioun vun der Bundesrepublik Däitschland vum 23. Mee 1949, ënnerläit de Federalismus an Däitschland der Éiwegkeetsgarantie.[5]

ReferenzenÄnneren

  1. Federalism: Political Identity and Tragic Compromise - ISBN: 978-0472034819
  2. 2,0 2,1 Offiziellt Informatiounsportal vun der Belsch https://www.belgium.be/fr/la_belgique/pouvoirs_publics/la_belgique_federale
  3. Offizielt Informatiounsportal vun der Belsch https://www.belgium.be/fr/la_belgique/pouvoirs_publics/communautes/competences
  4. Offiziellt Informatiounsportal vun der Belsch https://www.belgium.be/fr/la_belgique/pouvoirs_publics/regions/competences
  5. Offiziell Websäit vum Däitsche Bundestag https://www.bundestag.de/resource/blob/571978/d27c80a22e47c684f11cb91e109a64c9/priv--doz--dr--habil--ulrich-vosgerau-data.pdf