Fahrenheit (Moundkrater)


De Fahrenheit ass e klengen Aschlagkrater am südëstleche Beräich vum Mare Crisium. D'Mounduewerfläch a senger Ëmgéigend ass zimmlech fräi vun Aschlagspueren. Ëstlech dovu si kleng Koppe vun den Dorsa Harker an op der anerer Säit läit de Promontorium Agarum um Rand vum Moundmier. Ongeféier 15 Kilometer südëstlech ass d'Landeplaz vun der sowjetescher Moundsond Luna 24.

Fahrenheit
De Moundkrater Fahrenheit, Foto: Lunar Orbiter 4.
Koordinaten 13°7'12"N, 61°42'36"O
Duerchmiesser 6,65 km
Déift onbekannt
Selenographesch Längt 299° bei Sonnenopgank
Genannt no Daniel Gabriel Fahrenheit
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ13

De Krater Fahrenheit war als Picard X bekannt, bis d'International Astronomesch Unioun (IAU) him am Joer 1976 eng eege Bezeechnung ginn huet.

Foto:NASA

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren