Als Bulge (engl. bulge, „Bëlz“) bezeechent een an der Astronomie den dichten Zentralberäich vun enger Spiralgalaxie. D'Bulge hieft sech däitlech vun der iwwereger Galaxie of. Zum engen erschéngt se duerch hir héich Dicht méi hell, zum anere bëlzt se sech wäit iwwer de Scheiwenniveau eraus. Bei Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, ass d'Bulge meeschtens dat Eenzegt, wat ee vun der Galaxie nach gesäit. Si gläichen elliptesche Galaxien. Am Kär vun der Bulge sëtzt neiste Fuerschungen no, dacks e Schwaarzt Lach, sou och am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss. D'Verhältnes tëscht de Masse vum Schwaarze Lach an der Bulge ass dobäi mat dem Verhältnes vun 0.2 (no Ho a Wandel, 1999) resp. 0.6 (no Kormendy a Richstone, 1995) bei ënnerschiddleche Galaxië konstant. D'Gréisste vun de Prozenter sinn an der Fuerschung ëmstridden.[1],[2]

Messier 81 Galaxie mat Spiraläerm baussen a Bulge am Zentralberäich.
NGC 4565 vun der Säit

De Begrëff gëtt vun den US-Amerikaner an engem anere Kontext och a „Battle of the Bulge“, d'Bezeechnung fir d'Ardennenoffensiv, gebraucht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Max Camenzind: Compact objects in Astrophysics. White Dwarfts, Neutron Stars and Black Holes, Springer, 2007, S. 465
  2. Andreas Eckart, Rainer Schödel, Christian Michael Straubmeier: The black hole at the center of the Milky Way, Imperial College Press, 2005, S. 218