Den Explorer 7 (oder S1-a) ass e Satellit vum Explorer-Programm vun der NASA. Si gouf den 13. Oktober 1959 mat enger Juno II-Rakéit vu Cape Canaveral aus an eng Ëmlafbunn geschoss. Si gouf gebaut, fir d'Sonnestralung am Röntgen- an am Lyman-alpha-Beräich, souwéi kosmesch Deelerchersstralung z'erfaassen. Weider Ziler sollte gesammelt Daten iwwer Aschléi vu Mikrometeoritten[1], molekulart Sputtern an de Wäermeaustausch tëscht der Äerd an hirer Atmosphär sinn. Besonnesch hat si mat Hellëf vum Radiometer, dee vum Verner E. Suomi an Robert Parent entwéckelt gouf, déi éischt Daten zum Energieétat vun der Äerd opzehuelen an hat domat den Ufank vun der satellittegestëtzter Klimafuerschung markéiert. De Suomi a säin Team benotzten déi Daten ënner anerem, fir d'Bedeitung vun de Wolleke fir d'Weltklima ze ënnersichen.

Explorer 7
De Fuerschungssatellit Eyplorer 7
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Wierk Jet Propulsion Laboratory
COSPAR-Bezeechnung 1959-009A
Apogeum 715 km
Perigeum 499 km
Bunnschréi 50,3°
Mass 41,5 kg
Bunn-Ëmlafzäit 96,7 min
Start 13. Oktober 1959
Startplaz Cape Canaveral
Drorakéit Juno II
Dauer 2 Joer / ass nach am Orbit

De Satellit sendete hat bis de Februar 1961 kontinuéierlech Date op d'Äerd geschéckz a war dann de 24. August 1961 ausgefall. Hie kreest nach ëmmer op sengem Orbit.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Referenzen

änneren
  1. H. E. LaGow and L. Secretan (1963) Results of micrometeorite penetration experiment on the Explorer VII Satellite (1959 IOTA). NASA Tech. Note D-1722.