Als Lyman-Serie (genannt nom Theodore Lyman, dee se 1906 entdeckt hat) gëtt d'Folleg vu Spektrallinne vum Waasserstoffatom am Ultraviolettberäich tëscht zirka 91 an zirka 121 nm bezeechent; all Iwwergäng hunn den ënneschten Energieniveau an der K-Schuel zesummen (Haaptquantenzuel ).

Termschema vum Waasserstoffatom

Weider Serië sinn d'Balmer-Serie (vgl. och Ausféierungen do), d'Paschen-Serie, d'Brackett-Serie an d'Pfund-Serie.

Mathematesch BeschreiwungÄnneren

Fir déi entspriechend n ergëtt sech eng Linnewellelängt vun
n Bezeechnung Wellelängt an nm
2 Lyman-α-Linn (Ly-α) 121,5
3 Lyman-β-Linn 102,5
4 97,20
5 94,92
6 93,73
7 93,03
8 92,57
9 92,27
10 92,05
11 91,89
  91,13
 
Lyman-Serie opgedroe géigeniwwer der Wellelängt

D'Wellenzuele vun den eenzele Spektrallinne ginn duerch d'Rydberg-Formel

  ermëttelt

woubäi

  •   d'Rydberg-Konstant ass an
  • n ganz Zuele méi grouss wéi 1 sinn (Haaptquantenzuelen   vun de Startschuelen).

D'Wellenzuel léisst sech duerch d'Bezéiung

 

an d'Wellelängt   respektiv duerch

 

an déi entspriechend Energie ëmrechne mat

BenotzungsberäicherÄnneren

D'Linne vun der Lyman-Serie si virun allem fir Astronome bei den Ënnersich vu Stären a Galaxien interessant. Aus der Lyman-α-Linn léisst sech souwuel d'Routverrécklung vu wäit leiende Galaxien a Quasaren (zum Deel bis an de visuellen oder infraroude Spektralberäich) wéi och déi wäitraimeg Verdeelung vu Waasserstoff am Universum ofleeden (kuckt Lyman-Break-Technik). Vun der Äerd aus kënnen d'Lyman-Linne wéinst der UV-Absorptioun vun der Äerdatmosphär nëmme bei staarker Routverrécklung vun den Objeten observéiert ginn.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren