D'Juno-II-Rakéit war d'Folleg vun der Mëttelstreckerakéit PGM-19 Jupiter. Si bilt d'Grondstuf vun der Juno II a war fir dësen Zweck ëm 0,91 m verlängert ginn. Als Dreifwierk koum e kardanesch opgehaangene Rocketdyne S-3D zum Asaz, dat spéider nëmmen e bëssi modifizéiert och an der Thor zum Asaz koum. Op der éischter Stuf waren zwou oder dräi Feststoffuewerstufen, déi schonn an der Juno I benotzt goufen. Si goufen nom Ausbrenne vun der éischter Stuf (182 s nom Start) per Radioimpuls vum Kontrollzentrum aus gezünnt, wat duerch eng Funkstéierung zum Verloscht vum Explorer S-46 gefouert hat. D'Variant mat nëmmen zwou Uewerstufen gouf nëmmen eemol zum Feelstart vum Beacon-2-Satellit benotzt.

Juno-II-Rakéit beim Start vu Cape Canaveral
D'Uewerstufe vun der Juno-II-Rakéit

D'Juno II gouf an de Joren 1958 bis 1961 nëmme vu Cape Canaveral aus gestart. Vun zéng Starten waren nëmme véier erfollegräich.

Rakéite vun deem Typ haten zwou Pioneer-Moundsonde (ee Feelstart wéinst virzäitegem Brennschluss vun der éischter Stuf), siwen Explorer-Satellitten (véier Feelstarten) an ee Beacon-Satellit (Feelstart) transportéiert.

D'Juno II konnt 41 kg op eng niddreg Äerdëmlafbunn oder 6 kg op eng interplanetar Bunn transportéieren. Wéinst hirer klenger Leeschtung gouf et keng weider Entwécklung vun dësem Rakéitentyp.

Technesch Daten änneren

Juno-2
Längt 23,85 m
Duerchmiesser 2,67 m
Startmass 55,0 t
Stufen 4
1. Stuf
Dreifwierk North American Rocketdyne LR-79-NA-9
Startschub 667,2 kN
Dreifstoff Kerosin a LOX
Brenndauer 182 s
Start-/Eidelmass 54,43 / 4,53 t
Längt 18,38 m
Duerchmiesser 2,67 m
2. Stuf
Triebwerk 11 Thiokol Baby-Sergeant
Schub 73,4 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 327/90 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,07 m
Duerchmiesser 1,22 m
3. Stuf
Dreifwierk 3 Thiokol Baby-Sergeant
Schub 24,0 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 94/28 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,07 m
Duerchmiesser 1,22 m
4. Stuf
Dreifwierk 1 Thiokol Baby-Sergeant
Schub 8,0 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 27/5 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,07 m
Duerchmiesser 1,22 m

Startlëscht änneren

Déi vollstänneg Startlëscht vun der Juno-II-Rakéit.

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Ser.-Nr. Stufenzuel Startplaz Notzlaascht Aart vun Notzlaascht Notzlaat a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkung
1 6. Dezember 1958 Juno-II AM-11 4 CC LC-5 Pioneer 3 Sond soll laanscht de Mound fléien 5,9 kg Klëmmt op 102.200 km Héicht ier si zeréckfält an no 38 Stonne vergloust[1] Deelerfolleg Déi éischt Stuf hat sech ze fréi ofgeschalt.
2 3. Mäerz 1959 Juno-II AM-14 4 CC LC-5 Pioneer 4 Sond soll laanscht de Mound fléien 5,9 kg Heliozentresch Erfolleg
3 16. Juli 1959 Juno-II AM-16 4 CC LC-5 Explorer S-1 Fuerschungssatellit 42 kg geplangt: LEO Feelschlag Kontrollverloscht iwwer d'Rakéit no zirka 5 Sekonnen.
4 14. August 1959 Juno-II AM-19B 3 CC LC-26B Beacon 2 Ballonsatellit 5 kg geplangt: LEO Feelschlag Éischt Stuf hat sech ze fréi ofgeschalt. Keng Kontroll iwwer déi iewescht Stufe.
5 13. Oktober 1959 Juno-II AM-19A 4 CC LC-5 Explorer 7 Fuerschungen iwwer d'Kosmesch Stralung 42 kg LEO Erfolleg
6 23. Mäerz 1960 Juno-II AM-19C 4 CC LC-26B Explorer 8 (S-46) Erfuerschung vun der Stralungsceinture 16 kg? geplangt: LEO Feelschlag Drëtt Stuf hat net gezünnt, Kontaktverloschst zu der Buedemstatioun]].
7 3. November 1960 Juno-II AM-19D 4 CC LC-26B Explorer 8 (S-30) Ionosphärefuerschung 41 kg LEO Erfolleg
8 25. Februar 1961 Juno-II AM-19F 4 CC LC-26B Explorer 10 (S-45) Ionosphärefuerschung 34 kg geplangt: LEO Feelschlag Driëtt Stuf hat net gezünnt.
9 27. Abrëll 1961 Juno-II AM-19E 4 CC LC-26B Explorer 11 (S-15) Gammastralefuerschung 37 kg LEO Erfolleg
10 24. Mee 1961 Juno-II AM-19G 4 CC LC-26B Explorer 12 (S-45a) Ionosphärefuerschung 34 kg geplangt: LEO Feelschlag Zweet Stuf hat net gezünnt.

¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehäis a.s.w.)

² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Noutzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Juno II – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.bernd-leitenberger.de/pioneer.shtml