Europäesch Wäitwanderweeër
Déi Europäesch Wäitwanderweeër si Wanderweeër, déi queesch duerch Europa iwwer grouss Distanzen zéien. Si goufe vun der Europäescher Wandervereenegung initiéiert, déi sech an hire Grënnungsstatuten am Joer 1969 d'Zil gesat hat, fir e Reseau vu Wäitwanderweeër ze schafen, deen d'Vëlker matenee verbanne soll. Am Laf vun de Jore goufen op där Basis 11 Wanderweeër ageriicht.
De Reseau huet eng Totallängt vu 55.000 km, vun deenen en Deel net oder net gutt markéiert ass, oder um Terrain nach net ëmgesat gouf. A Mëtteleuropa sinn d'Weeër an hir Markéierunge meeschtens an engem gudden Zoustand.
Europäesch Wäitwanderweeër zu Lëtzebuerg
ännerenZwéin europäesch Wäitwanderweeër passéieren zu Lëtzebuerg, si féieren iwwer national Wanderweeër:
Literatur
änneren- Frank Auerbach (Hrsg.), 1999. Europäische Fernwanderwege. Zu Fuß durch Europa. Steiger Verlag. ISBN 3-89652-177-2.
- Hans Jürgen Gorges, 1999. Auf Tour in Europa - Das Handbuch für die Europäischen Fernwanderwege. Deutscher Wanderverlag. ISBN 3-8134-0338-6.
Lëscht vun den europäesche Wäitwanderweeër
ännerenNr. | Km | Geplangt Streck | Fäerdeg Streck | Symbol |
---|---|---|---|---|
E1 | 4.900 | Nordkap - Sizilien | Grövelsjön (S) - Castelluccio (I) | |
E2 | 4.850 | Galway - Nice | Hoek van Holland (NL) - Nice (F) | |
E3 | 6.950 | Istanbul - Cabo de São Vicente | Kap Emine (BG) - Bierg Kom (BG) respektiv vun Oradea (RO) - Santiago de Compostela (E) | |
E4 | 10.450 | Cabo de São Vicente - Zypern | Málaga (E) - Kreta (e Stéck feelt a Rumänien) | |
E5 | 3.050 | Pointe du Raz - Venedeg | Pointe du Raz (F) - Verona (I) | |
E6 | 5.200 | Kilpisjärvi - Dardanellen | Norrtälje (S) - Koper (SLO) | |
E7 | 5.000 | Kanaresch Inselen iwwer Lissabon - Ukrain | Monfortinho (P) - Nadlac (RO) | |
E8 | 4.390 | Dursey Head - Istanbul | Dursey Head (IRL) - Beskiden (Grenz PL/UA) | |
E9 | 5.000 | Cabo de São Vicente - estnesch/russesch Grenz | Hendaye (F) - Braniewo (PL) | wäiss-blo-wäiss |
E10 | 2.880 | Nuorgam - Tarifa | Rügen (D) - Ulldecona (E) (Stécker feelen an I an a F) | |
E11 | 2.070 | Den Haag - Russland | Den Haag (NL) - Masuren (Grenz PL/LT) |
Kuckt och
änneren- Wanderweeër zu Lëtzebuerg
- Via Alpina, e Wäitwanderwee iwwe d'Alpen mat 341 Etappen duerch 8 Länner.
- Grande Traversata delle Alpi (GTA) an Italien
- Jakobswee
- Via Francigena, e Wäitwanderwee vu Canterbury op Roum.
Um Spaweck
ännerenCommons: Europäesch Wäitwanderweeër – Biller, Videoen oder Audiodateien |