Erënnerungsplacke fir Lëtzebuerger Cyclisten
véier Gedenkplacken déi un d'Lëtzebuerger Cyclisten erënneren
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Erënnerungsplacke fir Lëtzebuerger Cyclisten si Gedenkplacken am Park an der Stad, déi u véier Lëtzebuerger Cyclisten erënneren:
- François Faber (1887-1915). D'Plack ass als éischt de 15. August 1924 am fréiere Vëlodrom um Belair ageweit ginn[1], 1937 koum se bei de Stadion op der Areler Strooss[2], ier se 1993 am Stater Park opgehaange gouf.
- Nic. Frantz (1899-1985)
- Charly Gaul (1932-2005), ageweit den 31. Mee 2011[3] an
- Elsy Jacobs (1933-1998), ageweit de 26. Abrëll 2011[4]
D'Erënnerungsplacken u Lëtzebuerger Cyclisten am Amaliapark | |
Typ |
Monument, Gedenkplack |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Stadpark |
Koordinaten | 49°36'50,234"N, 6°7'24,197"O |
Kënschtler | Yvette Gastauer-Claire |
D'Placken hänken am Amaliapark südëstlech vum Siège vum Roude Kräiz.
D'Placke vum Charly Gaul an der Elsy Jacobs goufe vun der Yvette Gastauer-Claire realiséiert.
Biller
ännerenReiefolleg wéi d'Placken am Park hänken:
-
Elsy Jacobs
-
François Faber
-
Nicolas Frantz
-
Charly Gaul
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Monument François Faber am Luxemburger Wort vum 12. August 1924
- ↑ Denkmal François Faber am Luxemburger Wort vum 19. Juli 1937
- ↑ Schlecks weihen Denkmal für Charly Gaul ein op lessentiel.lu den 31. Mee 2011
- ↑ En mémoire de la cycliste Elsy Jacobs op mywort.lu de 27. Abrëll 2011