Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Museksgrupp Epicure. Fir de griichesche Philosph, kuckt wgl. Epikur.

Epicure, meescht als Epicure. stiliséiert, war eng lëtzebuergesch Indie-Pop- an Indie-Rock-Band.

Epicure.
Museksgenre Indie-Pop, Indie-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2017
Trennung 2020
Websäit Instagram, Facebook
Memberen Thomas Roland (Sänger)
Damien Giudice
Joé Birchen
Christophe Becker
Pit Siebenaler
Mil (vun 2018 un)

Bandgeschicht änneren

Epicure gouf 2017 gegrënnt an ass an deem Joer ënner anerem op der Diddelenger Fête de la musique, de Congés annulés an de Stater Rotonden an um Festival On Stéitsch opgetrueden.[1] Si waren och den Opener vun der EP-Release vu Seed to Tree de 6. November 2017 an der Escher Kulturfabrik.

Am November huet d'Grupp d'Lidd Blue Planet mat engem Livemusekvideo vum Isaiah Wilson an Anastasia Iampolskaia verëffentlecht. Chrëschtdag 2017 koum d'Single Christmas (Marry Me) eraus an am Juni 2018 déi nächst Single Flamingo, déi vum Tom Gatti gemastert gouf. Am Summer 2018 koum de Museker Mil an d'Band, duerno ass Epicure op der fënnefter Editioun vum Last-Summer-Dance-Festival zu Ierpeldeng op der Sauer opgetrueden.

Am Mee 2019 war Epicure d'Virband vun District 7 op där hirem Album-Releaseconcert an de Rotonden. Am Juli hu si beim Screaming Fields matgemaach an d'Single At Least You Tried verëffentlecht, déi bei Impala Sound erauskoum. Si gouf nees vum Tom Gattiu gemëscht an den Isaiah Wilson huet de Clip dofir gedréint. Spéider hunn Epicure nach um Kolla-Festival gespillt an am Oktober d'Lidd You erausbruecht, fir dat d'Léa Giordano e Museksvideo gedréint huet.

Der Band hir lescht Single, Better Days, koum am Abrëll 2020 eraus.

De Sänger Thomas Roland gouf kuerz drop ënnert dem Numm Maale Gars bekannt an den Damien Giudice huet de Projet Boy From Home lancéiert. Och de Joé Birchen war a senger Zäit bei Epicure nach an enger anerer Band, den Trappers.[2]

Singelen änneren

  • 2017: Blue Planet
  • 2017: Christmas (Marry Me)
  • 2018: Flamingo
  • 2019: Lessons Learned
  • 2019: At Least You Tried
  • 2019: You
  • 2020: Better Days

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. rtl.lu: Déi 10. Editioun ass den 30. September an de Rotondes (29. September 2017)
  2. culture.lu: Kulturpur - Am Gespréich mam Damien Giudice and Thomas Roland (31. Oktober 2022)