De Gradsecteur Elysium gehéiert zu den 30 Gradfelder vum Mars déi vum USGS festgeluecht goufen. D'Nummer ass MC-15, d'Gradfeld ëmfaasst d'Gebitt vun 180° bis 225° westlech Längt a vun 0° bis 30° südlech Breet.

Kaart vum Elysium Véiereck opgestallt no MOLA-Daten. Déi héchst Plaze si rout an déi niddregst si blo.
Bild vum Elysium-Vierecks (MC-15). Am Norde leie relativ glat déif Flächen. Elysium Mons an Albor Tholus sinn am Nordwesten an Orcus Patera ass am Osten.

Elysium huet en ettlech Vulkaner, ënner anerem den Elysium Mons an den Albor Tholus an e Flossdall, mam Numm Athabasca Valles, deen eventuell de jéngsten um Mars kéint sinn. Am Süden, an der Géigend vum Lethe Valles an Athabasca Valles kéint emol e Séi existéiert hunn.[1]

Den Numm kënnt vun enger Albedoformatioun um Mars, d'Géigend gouf nom Elysium aus der griichescher Mythologie, genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Elysium – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Cabrol, N. and E. Grin (eds.). 2010. Lakes on Mars. Elsevier. NY.