Eechen um Pläitrengerhaff
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Eechen um Pläitrenger Haff)
D'Eechen um Pläitrengerhaff sinn eng Koppel Summereechen (Quercus robur; (fr) chênes pédonculés; (de) Stieleichen) déi zu Pläitreng an der Gemeng Conter stinn an déi zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.
Eechen um Pläitrengerhaff | |
---|---|
Februar 2008 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Conter |
Plaz | Pläitreng |
Adress | Pläitrengerhaff |
Koordinaten | 49°35'35,27"N, 6°16'44,80"O |
Bamaart | Eechen, Stilleech |
Héicht | 21,70 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,81 m (2023) |
Ëmfang | 5,69 m (2023) |
Lokalisatioun
ännerenD'Beem stinn an der Sektioun Mutfert a Méideng vun der Gemeng Conter, um ëstlechen Uwänner vum Ieweschte Weier beim Pläitrengerhaff
Geschicht
ännerenDen Alter vun dësen zwou Eechen ass net bekannt.
Entwécklung
ännerenBéid Beem hunn imposant breet Krounen, déi bis op zirka 2 m iwwer de Buedem erof reechen.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
1980 | 4,55 | 1,45 | 22,00 |
2000 | 4,58 | 1,45 | 23,00 |
2023 | 5,69 | 1,81 | 21,70 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Eng vun den Eeche gehéiert zu deenen déckste Beem zu Lëtzebuerg(1981: deen 29 déckste Bam).
Biller
änneren-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter (Januar 2008)
Kuckt och
änneren- Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Literatur
änneren- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 194-197, Foto an Text)
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 46-47, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 24-25, Foto an Text)
Um Spaweck
ännerenCommons: Eechen um Pläitrengerhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur