Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

De Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff ass e Séisskäschtebam (Castanea sativa; (fr) châtaignier; (de) Esskastanie) deen zu Pläitreng an der Gemeng Conter steet. Well et den imposantste Bam vu senger Aart zu Lëtzebuerg ass a wéinst dem Duerchmiesser vu sengem schéine Stamm, gehéiert en zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff
E Stamm mat gutt 5 m Ëmfang
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Plaz Pläitreng
Adress Pläitrengerhaff
Koordinaten 49°35'31,729"N, 6°16'52,432"O
Bamaart Séisskäschtebam
Héicht 17,90 m (2023)
Duerchmiesser 1,71 m (2023)
Ëmfang 5,37 m (2023)
Pläitrenger- haff (Lëtzebuerg)
Pläitrenger- haff
Pläitrenger-
haff
Lag vum bemierkenswäerte Bam

Lokalisatioun änneren

De Bam steet an der Sektioun Mutfert a Méideng vun der Gemeng Conter, hannenaus am Bongert nieft dem Pläitrengerhaff.

Geschicht änneren

Entwécklung änneren

De Bam gehéiert zu den déckste Beem am Land(1981: den 30. déckste Bam).

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
1981 4,55 1,45
2000 5,00 1,59
2023 5,37 1,71 17,90

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Biller änneren

Literatur änneren

  • Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 194-197, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 148-149, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. Tabell S. 163; keng Beschreiwung a keng Foto vum Pläitrenger Séisskäschtebam an dësem Buch)

Kuckt och änneren

  • Pläitreng
  • Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Zwou Eeche beim Weier
Zwou Lannen am Agank vum Haff
Zwéi Spierebeem am Bongert

Um Spaweck änneren

Commons: Séisskäschtebam um Pläitrengerhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur