Den Edwin Van der Sar, gebuer den 29. Oktober 1970 zu Voorhout, ass en hollännesche Foussballgolkipp. Zur Zäit ass hie beim englesche Veräi Manchester United aktiv. Hien ass 198 cm grouss.

Edwin Van der Sar
Gebuer 29. Oktober 1970
Voorhout
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Foussballspiller

Karriär änneren

Seng Carrière als Golkipp huet de Van der Sar bei Foreholte, engem klenge Foussballsclub vu Voorhout ugefaangen. Duerno huet hie bei de VV Noordvijk gewiesselt, wou hie vum Manager vun Ajax Amsterdam entdeckt gouf.

Beim Ajax war hien zanter der Saison 1992/93 fest agestallt. Si koumen zweemol an d'Finall vun der UEFA Champions League (1995 an 1996), hunn allerdéngs nëmmen eng Kéier gewonnen. An der Finall 1996 konnt de Van der Sar deen entscheedenden Eelefmeterschoss net halen. An engem Match géint de Graafschap huet hie mat engem Eelefmeter säi bis elo eenzege Gol an engem offizielle Match geschoss.

1999 ass hie bei Juventus Turin gewiesselt. Allerdéngs waren den Trainer an d'Fans mat senger Leeschtung am Gol guer net zefridden, wouropshin hien 2 Joer méi spéit an engem Transfert un den FC Fulham verkaaft gouf. Hie war deen éischten, a bis elo (2010), och de leschten net-italieenesche Golkipp bei der Juve. Beim FC Fulham huet hie 4 Joer gespillt, hat allerdéngs net immens vill Erfolleg mat senger Ekipp, si hunn an deene 4 Joer nëmmen ee bedeitenden Titel gewonnen.

2005 ass hien du bei de Manchester United F.C. gewiesselt, wou hien haut nach aktiv as. Dat ass säi warscheinlech erfollegräichste Club. An der Premier League hat hien an iwwer 1300 offizielle Spillminutte kee Géigegol eragelooss, wat fir eng kuerz Zeit de Rekord war.

An der Finall vun der Champions League 2008 géint den Chelsea F.C. huet hien den entscheedenden Eelefmeter vum Nicolas Anelka gehalen. Hien ass en allgemeng geschätzte Golkipp, zumools wann et ëm Eelefmetere geet. E steet no enger Verlängerung vun engem Joer nach bis 2011 bei Manchester ënner Kontrakt.

An der hollännescher Nationalekipp huet de Van der Sar vun 1994 bis 2008 gespillt. Hien ass allerdéngs eréischt 1995 als Haaptgolkipp agesat ginn. Virdru war hien op der Ersatzbänk, soudatt hien d'Weltmeeschterschaft vun 1994 och net matgespillt huet. Zanter 1995 huet hien 130 Matcher matgespillt, dat ass bis elo an Holland ongeschloen.

An der Saison 2005 huet hien et fäerdegbruecht, wärend 10 Flichtmatcher keen eenzege Schoss eranzeloossen, wat bis haut den Europarekord ass. Nodeem d'Oranje an der Véirelsfinall vun der Europameeschterschaft 2008 géint Russland verluer haten, huet de Van der Sar seng Carrière an der hollännescher Nationalekipp opgehalen. Allerdéngs gouf hien an zwéi Matcher am Hierscht 2008 erëm reaktivéiert, well säin Nofollger an den Ersatzgolkipp ausgefall waren.

Privatliewen änneren

Den Edwin Van der Sar ass säit 2006 bestuet an huet 2 Kanner.

Titelen an Erfolleger änneren

Auszeechnungen änneren

  • 1995: Europes Best Goalkeeper (UEFA)
  • 1994, 1995, 1996, 1997: Hollännesche Golkipp vum Joer
  • 1998: De Telegraaf - Gouden Schoen
  • 2008: UEFA All-Star-Team vun der Europameeschterschaft
  • 2009: Europe's Club Goalkeeper Of The Year (UEFA)

Rekorder änneren

  • hollännesche Rekordnationalspiller: 130 Matcher
  • kee Géigegol wärend 1013 Minutten (10 Matcher) mat der hollännescher Nationalekipp (Europarekord)
  • kee Géigegol wärend 1311 Minutten (14 Matcher) mat Manchester United (Premier League-Rekord)

Veräiner änneren

Veräiner an der Jugend änneren

Veräiner als Profi änneren

Zäitraum Veräin Matcher Goler
1992-1999 Ajax Amsterdam 226 1
1999-2001 Juventus Turin 66 0
2001-2005 FC Fulham 127 0
2005-haut Manchester United F.C. 149 0

Stand: 10. Abrëll 2010 Nëmme Liga-Matcher

Nationalekipp änneren

Zäitraum Land Matcher Goler
1994-2008 Holland 130 0

Stand: 15. Oktober 2008

Um Spaweck änneren

Commons: Edwin Van der Sar – Biller, Videoen oder Audiodateien