Den Edmond Schmitt, gebuer de 25. November 1927 zu Rëmeleng, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Edmond Schmitt
Gebuer 25. November 1927
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dréibuchauteur, Journalist, Schrëftsteller
Tor zum Glück (2012)

Biographesches änneren

Den Edmond Schmitt, dee sech 1944 der Zwangsrekrutéierung duerch d'Nazien entzunn hat, war vun 1945 bis 1947 als Fräiwëllegen an der Lëtzebuerger Arméi, wou hien et bis zum Kaperol bruecht huet.

Vun 1944 bis 1951 huet den Edmond Schmitt Liichtathleetik bedriwwen (100 m, 200 m, 400 m); hie war Member vun der Nationalequipe a Grënner vum Rëmelenger Liichtathleetikveräin (1948). Hie war och am "Comité technique" an am "Comité central" vum Liichtathleetikverband.

Berufflech war den Edmond Schmitt am Journalismus an an der Publicitéitsbranche aktiv:

Den Edmond Schmitt war de Grënner (1953) a Proprietär vun der Publicitéitsagence Schmitt Publicité. Hien hat Exklusivpublicitéitskontrakter mat "De Lëtzebuerger Sport" vun 1953 bis 1961, "Le Républicain Lorrain-France Journal" vun 1961 bis 1976, "Dernières Nouvelles d'Alsace" vun 1977 bis 1987, "Luxemburger Wort" vun 1977 bis 1987. Zanter 1987 ass hien an der Pensioun.

Den Edmond Schmitt war Grënnungsmember a Vizepresident (1993) vun de "Käercher Schlassfrënn" a bis 2006 verantwortlech fir dem Veräi seng Relatioune mat der Press.

Vun 1972 bis 2002 huet den Edmond Schmitt zu Bartreng gewunnt, wou e vun 1987 bis 2000 am Gemengerot war (CSV). Zanter 2002 lieft hien zu Munneref.

Den Edmond Schmitt ass den Auteur vu sechs Romaner an hien huet och Dréibicher fir de Film an d'Televisioun geschriwwen.

Publikatiounen änneren

Romaner änneren

  • Tag der Entscheidung. Roman aus Luxemburg. Éditions Schortgen, Luxembourg 2015, 207 S. [1]
  • Das Medaillon. Roman aus Luxemburg. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette 2014, 200 S.[1]
  • Ein Toter zu wenig. Luxemburg Krimi. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette 2013, 200 S.[2]
  • Tor zum Glück. Roman aus Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2012, 216 S.
  • Die Frau aus dem Flugzeug. Roman aus Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2010, 224 S.
  • Tal der Tränen. Roman aus Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2009, 231 S.
  • Irrwege des Lebens. Roman aus Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2007, 244 S.

Dréibicher änneren

  • Andrea, 2003.
  • Ein Toter zu wenig, 2000.
  • Irrwege des Lebens, 1999.

Aner Publikatiounen änneren

  • Käercher Schlassfrënn: Gréiveschlass bald regionales Kulturzentrum? In: Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. - Luxembourg. - Joer 24(2003), N° 3/4, S. 405-411.

Literatur änneren

  • Seil, Pascal: Schmitt, Edmond. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. [2]. (de)
  • Seil, Gabrielle: Den Hues vu Remeléng. In: Revue 40/2013: 22-25 [betr. Edmond Schmitt].
  • Baden, Jeff: Vorgetäuschte Liebe, ruchlose Verbrechen: erster Luxemburg-Krimi von Edmond Schmitt. In: Luxemburger Wort 2014, Nr. 109 (10. Mai), S. 20.

Galerie änneren

Referenzen änneren

  1. Nei um Bichermaart: Das Medaillon.
  2. Éditions Schortgen, amazon.de