Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

sportspress.lu ass den nationale Verband vun de Sportsjournalisten zu Lëtzebuerg.

sportspress.lu
Grënnungsdatum 1929
(ASBL 21.08.2006)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Petz Lahure
Generalsekretär Paul Wagner
Member vu(n) COSL, UEPS, AIPS
Websäit sportspress.lu

De Verband ass 1929 gegrënnt an de 21. August 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].

En huet säi Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union européenne de la presse sportive (UEPS) an der Association internationale de la presse sportive (AIPS).

Geschicht[2] änneren

D'Vereenegung ass am Dezember 1929 ënner dem Numm Association luxembourgeoise des journalistes sportifs (ALJS) gegrënnt ginn. Dreiwend Kraaft bei der Grënnung war de Sportjournalist Alphonse Steinès. Den éischte Kommitee huet sech aus dem Léopold Goebel als President, dem Jacques Dieschbourg als Vizepresident, dem Pierre Kellner als Sekretär an dem Alphonse Braun als Keessjee zesummegesat.

D'Association luxembourgeoise des journalistes sportifs ass 1975 an Association luxembourgeoise de la presse sportive (ALPS) ëmbenannt ginn.

De 4. Oktober 2007, op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der ALPS, hunn d'Memberen eestëmmeg decidéiert fir den Numm vun hirer Vereenegung op den haitegen Numm „sportspress.lu“ ëmzeänneren.

Des Associatioun organiséiert all Joer am Dezember d'„sportspress.lu Awards Night“ (virun 2016 Gala vun der Sportspress), bei där d'Auszeechnungen un de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi bescht Ekipp vum Joer iwwerreecht ginn. Belount ginn donieft och déi bescht jugendlech Sportler a verdéngschtvoll Perséinlechkeeten aus dem Sport.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.

Organisatioun änneren

De President vu sportspress.lu ass zënter 1998 den Petz Lahure.

Fréier Presidenten änneren

Literatur zum Theema änneren

  • Livre d'Or ALJS/ALPS 1929-2004, Association Luxembourgeoise de la Presse Sportive, Lëtzebuerg
  • Gretsch, Lucien: Pionierzeiten des Sportjournalismus in Luxemburg, in: ons stad, Nr 83, 2006, S. 80-85, Link

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F4416 agedroen
  2. (fr)Historique | Sportspress (2019-10-08). Gekuckt de(n) 2023-12-24.