Colin Powell

US-amerikanesche Politiker

De Colin Luther Powell, gebuer de 5. Abrëll 1937 zu New York City, a gestuerwen den 18. Oktober 2021 zu Bethesda, am Maryland, war en US-amerikaneschen Offizéier a Politiker.

Colin Powell
Gebuertsnumm Colin Luther Powell
Gebuer 5. Abrëll 1937
New York
Gestuerwen 18. Oktober 2021
National Naval Medical Center
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit USA
Educatioun City College of New York,
George Washington University,
Command and General Staff College
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Arméisoffizéier
Partei Republikanesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society

Hie war e Véier-Stäre-Generol an der US Army a vun 1987 bis 1989 Nationale Conseiller fir Sécherheet, an dono vun 1989 bis 1993 President vu den Joint Chiefs of Staff.

No senger Pensionéierung goung hien an d'Politik a war vun 2001–2005 ënner dem President George W. Bush Ausseminister vun de Vereenegte Staaten. Hie war vun 1995 bis Januar 2021 Member vun der Republikanescher Partei.

A seng Zäit als Ausseminister ass den 2. Irakkrich gefall, deen hie just mat Krämpes ënnerstëtzt huet. Seng Ried vum 5. Februar 2003 virum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen, an där hie behaapt huet, d'USA hätte Beweiser, dass de Saddam Hussein Massevernichtungswaffen hätt, an dofir opgeruff huet, hie misst gestierzt ginn, huet de Powell 2005 e Schandfleck a senger Carrière genannt.

De Fait, datt d'Republikanesch Partei sech net vum Donald Trump distanzéiert huet, nodeems dee sech dru gehalen huet, hien hätt d'Presidentschaftswalen 2019 gewonnen an zum Stuerm op de Kapitol opgeruff huet, huet de Powell dozou gefouert, aus der Partei auszetrieden.

Publikatiounen änneren

  • My American Journey, Ballantine Books (Reprint 1996), 978-0345407283
  • A Soldier's Way: An Autobiography. Arrow Books; 2nd Revised edition 2001. ISBN 978-0-09-943993-6.

Literatur änneren

  • Richard Steins: Colin Powell: A biography. Greenwood Press, Westport, Conn. [a. a.] 2003, ISBN 0-313-32266-X
  • Oren Harari: The leadership secrets of Colin Powell. McGraw-Hill, New York [a. a.] 2002, ISBN 0-07-138859-1
  • Alice K. Flanagan: Colin Powell: U.S. general and Secretary of State. Ferguson Pub, Chicago 2001, ISBN 0-89434-372-6
  • Judith Cummings, Stefan Rudnicki: Colin Powell and the American dream. Dove Books, Beverly Hills, Calif. 1995, ISBN 0-7871-0936-3
  • David Roth: Sacred honour: A biography of Colin Powell. Zondervan [u. a.], Grand Rapids, Mich. 1993, ISBN 0-310-60480-X

Um Spaweck änneren

Commons: Colin Powell – Biller, Videoen oder Audiodateien