Diskussioun:Mäerzeg

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Les Meloures in Abschnitt Wéi déi aner
Dëse Geschichtsartikel gouf am Kader vum Seminaire "Lokalgeschicht" op der Uni Lëtzebuerg ugeluecht, respektiv ausgebaut.
Méi Informatiounen dozou op der Säit Wikipedia:Lokalgeschicht.

Untitled änneren

Moien,

eng Speyermillen an eng Weismillen

Huet een eng Iddi wat domat gemengt ka sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 11:17, 27. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Kéint et sinn datt d'Speyermillen an d'Weismillen hire respektiven Numm vun de Familljennimm Speyer a Weis kruten?--Fliedermaus (Diskussioun) 14:12, 27. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren
Tjo, dat kéint allerdéngs sinn. An deem Fall wier just de Saz schlecht formuléiert. Mol kucken, e ka vläicht een deen dem Erpelding säi Buch huet an deem Sënn weiderhëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:19, 27. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren
Den E. Erpelding beschreift a sengem Buch nëmmen 2 Millen: d'Niddermäerzeger- an d'Uewermäerzeger Millen. D'Nimm Speyermillen, Weismillen, Uelegmillen a Seemillen sinn alles Bezeechnunge vun der Niddermäerzeger Millen. Speyer a Weis ware Nimm vun fréiere Proprietären. D'Mille stung do wou haut d'Gemengenhaus steet. --Pecalux (Diskussioun) 16:05, 27. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Wéi déi aner änneren

Kéint een Admin wgl. dës Viruleedung läschen, an den Artikel Gemeng Mäerzeg heihi réckelen ? —83.99.66.253

Firwat soll dat gutt sinn? net ënnerschriwwenen Message vun der IP 87.65.83.203.
Fir eng gewëssen Eenheet op der lb.wiki ze hunn : wéi bei den anere Gemengen, déi aus enger eenzeger Uertschaft bestinn. Cf. d'Viruleedungen Gemeng Schëffleng a Gemeng Stroossen, fir jhust zwéi Beispiller ze nennen. —83.99.66.253
Nawell jo. Gëtt gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:45, 13. Okt. 2020 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Mäerzeg".