Diskussioun:Lëscht vun de klasséierte Monumenter

Letzter Kommentar: virun 1 Joer von Soued031 in Abschnitt PNM, ICMN

Hannergrond zu de Lëschten änneren

Fir méi iwwer d'Urspréng vun deene Lëschten hei op der Wiki gewuer ze ginn, déi am Kader vum internationale Concours 'Wiki Loves Monuments' an d'Liewe geruff gouwen - e Concours, bei deem Lëtzebuerg via d'Belsch 2011-2014 matgemaach huet - kuckt: Wikipedia:WikiProjet National Monumenter


National vs. kommunal änneren

Moien,

Deen Artikel misst bei Geleeënheet un déi nei Legislatioun ugepasst ginn, ë.a. mat Bezuch op d'Distinctioun tëscht nationaler a kommunaler Protektioun (via d'PAGen), a wéi dat praktessch gehandhaabt gëtt. Och stellt sech d'Fro, ob eege Lëschte mat kommunal klasséierten Objete gewënscht/méiglech sinn.--Zinneke (Diskussioun) 10:19, 4. Mee 2018 (UTC)Äntweren

Stinn op dëser Lëscht sou kommunal protegéiert Monumenter, a gehéieren déi iwwerhaapt op dës Lëscht. (d.h. ensprieche se de selwechte legale Critèren). Wann net dann hu se menger Meenung no näischt mat dëser Lëscht ze dinn a gehéieren op eng aner. --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 4. Mee 2018 (UTC)Äntweren
Op dëser Lëscht stinn nëmmen Objeten, déi och dorop gehéieren. Wat op deene kommunale Lëschte steet, ass dem normale Publikum net zougänglech.MMFE (Diskussioun) 10:41, 4. Mee 2018 (UTC)Äntweren

Numeréierung an de Lëschte vun nationale Monumenter änneren

vum Benotzer Zinneke senger Diskussiounssäit heihi kopéiert

Moien Zinneke an @MMFE,

Ech froen Iech zwéin well dir iech am meeschte mat de Lëschte vun de klasséiserte Monumenter beschäftegt. An deenen Tabelle stinn an der éischter Kolonn Numeréierungen, heiansdo der Rei no an heiando och net, heiansdo an enger Gemeng mat deemselwechte Prefix an heiansdo och net, an duerfir hunn ech mech d'Fro gestallt fir wat déi Numeréierung gutt ass an op wat se sech bezitt. --Les Meloures (@Diskussioun) 09:17, 30. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Moien, si ass eng 'Hausmaacher', déi sech aus der lafender Nummer vun de Gemengen (baséiert op hirer alphabeetescher Lëscht) an dann de Monumenter, wéi se no an no bäikomm sinn, zesummesetzt. Verschiddener an en ger Lëscht ginn et, wa Gemengen tëschenduerch fusionéiert hunn.
Sënn an Zweck war et emol eng Kéier, eng eendeiteg Identifikatioun ze hunn fir Tools déi mat de Lëschte verbonne waren (z.B. se all op enger Kaart uweisen). Ech weess net, ob et esouer nach gëtt.
Am einfachste wier et, wa mer vun offizieller Säit eng Nummer hätten, déi z.B. op LAU-Codë baséiere géif, an tëscht deene verschiddene Protektiounsstatussen ënnerscheede géif, mee do kënner mer laang waarden.
Kuerz: Einfach emol stoe loossen, en attendant mieux... --Zinneke (Diskussioun) 10:18, 30. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Äntwert op d'Äntwert änneren

Moien nach eng Kéier,

ech mengen et huet net vill Sënn arbiträr Nummeren duerch anerer z'ersetzen, zemools se spéitstens, wa jee ee "MN" an ee "IS" op enger Lëscht bäikommen, deen een hannert de leschten "MN" bäikënnt, an deen anere ganz ënne bei d'"IS", an esou d'Numeren nees net méi der Rei no kommen... A looss och w.e.gl. déi eidel Zeil tëscht de Schabloune stoen, dat mécht d'Saach vill méi einfach wann een doran editéiere muss. Déi gëtt jo net ugewisen. Merci! Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:44, 30. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Salut, da proposéiren ech déi Numeréierung ganz ewechzehuelen, wa se schonn op näischt baséiert, sollt se wéinstens der normaler Logik vun enger Numeréierung entspriechen, bei der de Lieser sech keng Froe brauch ze stellen fir wat déi Nummereren duerchernee kommen a wat domat soll bezweckt sinn. Wa bei sou Nummeren eppes bäikënnt a se net méi der Rei no kommen da soll deen deen dat bäischreift kucken datt en d'Reiefolleg verbessert. Dat ass bei all den Tabellen esou déi numereéiert sinn, firwat soll et hei anescht sinn, ausser aus Kammoudheetsgrënn, déi menger Meenung no op enger Enzyklopedie net ze vertriede sinn.
Wat déi eidel Zeil ugeet do muss ech der leider widderspriechen. Déi eidel Zeil gëtt schonn ugewisen och wanns du net dat richtegt A hues fir dat ze mierken, soss géif ech se net ewechuelen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:35, 30. Abr. 2021 (UTC)Äntweren
Salut, ech mësche mech och emol kuerz an dës Diskussioun an. D'Nummeréierung ass scho sënnvoll sou wéi se bis elo ass well se d'Reiefolleg ugëtt wéini déi verschidden Objeten an d'Lëscht komm sinn. Ech wëll och net bei all Objet deen an d'Lëscht bäi kënnt, nees déi ganz Nummeréierung änneren, nëmme fir datt d'Nummeren der Rei no kommen. Meng Propose ass dofir, alles esou sinn ze loosse wéi et ass ausser et kéim eng offiziell Nummeréierung vum SSMN. MMFE (Diskussioun) 09:30, 2. Mee 2021 (UTC)Äntweren
Lo fänken ech un ze spannen: deen ee seet se wier arbiträr an den anere seet et wier d'Reiefolleg sou wéi se an Lëscht opgeholl goufen (wat een allerdéngs sou, wann een déi Lëscht kuckt net erausfënnt). Wat stëmmt elo a firwat gouf déi Reiefolleg dann net einfach bäibehalen, a wéi soll de Lieser bei deenen dräi verschiddenen Opdeeleungen wëssen, no waterengem Prinzip mer numeréieren, wann en déi Informatioun net kritt. Kann dei Reifolleg dann net einfach duerch den Datum bestëmmt ginn. Déi eelst ënnen an déi jéngst uewen (oder ëmgedréint) a wéi soll déi Reiefolleg sinn? (An der Gemeng an Uertschaften ewechlossen oder d'Uertschaften an Tabell setzen an d'Iwwerschrëften ewechloossen). Op jiddwer Fall sollte mer kloer Informatiounen un de Lieser ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:11, 2. Mee 2021 (UTC)Äntweren
Hei dem Zinneke seng Definitioun nach eng Kéier: si ass eng 'Hausmaacher', déi sech aus der lafender Nummer vun de Gemengen (baséiert op hirer alphabeetescher Lëscht) an dann de Monumenter, wéi se no an no bäikomm sinn, zesummesetzt. Ech hunn och näischt anescht behapt, ausserdeem sinn eis Lëschten ähnlech opgebaut wéi d'Lëscht vum SSMN, déi fir all Gemeng och eng Opdeelung pro Uertschaft mecht. Bei hinnen ass awer alles de franséische Nimm no klasséiert, bei eis no de lëtzebuergeschen, wat och Differenzen an der Reiefolleg an de Lëschte mat sech brengt. Ech si ganz denger Meenung fir eng Informatioun iwwer d'Nummeréierung an d'Lëschten ze setzen, iwwer de Rescht kënne mer nach diskutéieren, an enger Woch hätte mer Geleeënheet dozou. MMFE (Diskussioun) 11:53, 2. Mee 2021 (UTC)Äntweren
Mat "arbiträr" hunn ech just wëlle soen, dass, wéi et drëms goung, den Objeten eenzel an eendeiteg Nummeren ze ginn, mer einfach eng Nummer fir d'Gemeng, an eng fir d'Objeten an der Gemeng geholl bunn, wéi uewe beschriwwen. Dat, well et keng ofiziell gëtt, wéi dat an anere Länner de Fall ass. Et hätt een och 2 Buschtawe fir d'Gemeng, oder réimesch Zifferen, oder wat weess ech kënnen huelen. Wichteg ass, datt eis Lëschten déi vum SSMN esou genee wéi méiglech refletéieren, quitt, datt hei méi Informatiounen ze fanne sinn (Koordinaten, Biller, Linken op Artikelen zum Sujet). Dofir sinn déi Nummeréierunge sou wéi se sinn. 10 Joer huet kee sech dru gestéiert, an esou laang den SSMN net selwer op d'Iddi kënnt, datt mat enger eendeiteger Nummer der Saach gehollef wier, musse mer eis domat behëllefen. Wann ee mech freet: Et gëtt genuch méi Wichteges, wat nach misst gemaach ginn, wéi elo 1000+ Nummeren ëmänneren ze goen...--Zinneke (Diskussioun) 21:22, 2. Mee 2021 (UTC)Äntweren

Upload Knäppchen änneren

(vum Zinneke senger Diskussiounssäit heihinner kopéiert)

Salut Zinneke,

Du hues iergendgeng Kéier an der Schabloun:Nationale Monumenter row en Uploadknäppchen derbäigesat, mat der Bemierkung (mam default-eroplued-knäppchen). Leider funktionnéiert den default net sou datt de Knäppchen och nach do steet wa schonn e Bild do ass. Ech hu probéiert fir erauszefannen u wat dat läit, hat awer keng Chance. Mengs de dee Knäppche géif nach vill Sënn maachen. Bei de: an nl: gëtt en och net gebraucht. Wann imperatif jo, da sollt e vläicht an der Schabloun korrekt ugeschriwwe ginn. Wann net, kéint e ganz erausfléien. --Les Meloures (Diskussioun) 08:31, 2. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

Salut, uff, dat ass schonn e Strapp hier. Ech hat dee Knäppche bei de Fransousen oder Hollänner geknäipt, ouni vill ze kucken, wéi e geet. E war jo geduecht, Leit, déi nei sinn, et méi einfach ze maachen, e Bild zu engem bestëmmte Monument eropzelueden, ouni laang ze sichen, wéi dat geet. Sporadesch kënnt et nach zu Uploads iwwer dee Knäppchen, mee dat ass sielen. Ech giff soen, e stéiert net weider, looss e stoen. --Zinneke (Diskussioun) 09:12, 2. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren
Ech fannen et just topeg datt ënner engem Bild dee Knäppchen nach steet. Et sollt jo sécher eng Invitatioun sinn fir wa kee bild do ass. --Les Meloures (Diskussioun) 10:24, 2. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren
... oder en anert, zousätzlecht, wéi dat wat do ass. Wann dee Knäppchen dech iwwerméisseg stéiert, ech hänken net mat Häerzblutt drun. En ass keng Mussesaach. Ma sollts de n e wëllen ewechmaachen, fro vläicht och den @MMFE ëm seng Meenung, hien huet och vill Zäit a Fläiss an déi Lëschte gestach.--Zinneke (Diskussioun) 21:40, 2. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren
Moien och, ech hunn d'Diskussioun iwwer de Biller-Knäppchen matgelies. Ech selwer benotzen dee Knäppchen net. Wann en net esou funktionéiert wéi en eigentlech soll kann e vu mir aus och verschwannen, ech gleewen net datt e wierklech vun engem gebraucht gëtt. MMFE (Diskussioun) 08:56, 3. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

Parameterfeeler änneren

Moien,

An dëse Lëschte si Parameterfeeler:

--Les Meloures (Diskussioun) 21:02, 3. Jun. 2021 (UTC)Äntweren

Gouf gefléckt; "|coor_numm=" aus dem Code erausgeholl.--Zinneke (Diskussioun) 11:49, 22. Mee 2022 (UTC)Äntweren
Merci fir déi Korrektiounen, ech hu mech schonn ëfters gefrot wat de Sënn vun deem "|coor_numm=" wier, elo ass et kloer.--MMFE (Diskussioun) 09:10, 23. Mee 2022 (UTC)Äntweren

PNM, ICMN änneren

Moien,

a fir d'éischt emol Merci un all, déi dës Lëschtesäite mat hëllefen, um leschte Stand ze halen.

Ech hätt e puer Froen, wéi mer mat den Ännerungen op der Lëscht vum INPA hei ëmgoe sollen:

  • 1. PMN: Zanter e puer Joer ass et (warscheinlech aus Grënn vu juristescher Sécherheet) Usus, dass Gebaier a Privatbesëtz systeematesch fir d'éischt op hirer Lëscht an der Rubrik Proposé pour le classement comme monument national opdauchen, fir da ronn en halleft Joer dono fir zerguttst klasséiert ze ginn - oder och alt emol net.
Am Moment ginn déi successiv Schrëtt an eisen Tabelle festgehalen. Ech géif dozou déi hei Neierung proposéieren:
a) Well den Datum vun der Propos op de Lëschten net méi nozevollzéien ass, soubal d'Gebai definitiv klasséiert ass (well en op der INPA Lëscht net méi drop steet), an dann och weider keng Roll méi spillt; proposéieren ech, den Datum "PNM" an deene Fäll ewechzemaachen, resp. duerch dee vum Klassement z'ersetzen.
b) Am Fall wou de proposéierten Objet nees vun der INPA Lëscht verschwënnt (wéi bei der leschter Mise-à-jour geschitt), d.h. et kee besonnesche Status méi huet, propséieren ech, et och nees aus eisen Tabelle ganz erauszehuelen.
De But ass, dass eis 101 Lëschte méiglechst genee dee leschte Stand vun deene vum INPA erëmginn (Eeenzeg Ausnam wieren déi Gebaier, déi ofgerappt goufen, obwuel se du klasséiert waren. Dat ass dann aus 'dokumentaresche' Grënn intressant, dass dat nozeliese bleift (wéi verschiddentlech geschitt).
  • 2. ICMN:
Dës Ofkierzung ass néierens erkläert, an s'ass och net ganz schlësseg. Ech proposéieren, fir déi 'al' MN duerchgängeg 'PCN' fir 'Patrimoine Culturel National' ze benotzen (wat leider e Batz Piddelaarbecht an de ganzen Tabelle beideite géif). PMN an IS bléiwen onverännert.
  • 3. Changementer, déi ee kinnt an d'A faassen, ouni dass se fortlafen:
a) D'Lëschte vun der Stad Lëtzebuerg an 3 oder 4 splécken, fir eng besser Iwwersiichtlechkeet;
b) D'Nokucke vun der systematescher Ënnerdeelung vu verschiddene Lëschtepunkten, wou méi wéi een Objet ernimmt ass (e puer Gebaier an enger Strooss oder op engem Areal z.B.) Gëtt et scho bei deem engen oder aneren ma net iwwerall.
c) D'Nummeréierung ass net optimal; se gouf schonn uewendriwwer diskutéiert; mee mangels 'offizieller' Systematik ouni befriddegender Konklusioun fir den Ament. Loosse mer dat hei emol als p. m.' stoen.

--Zinneke (Diskussioun) 11:43, 22. Mee 2022 (UTC)Äntweren

Moien och,
Et ass effektiv néideg emol iwwer den Ëmgang mat deene Lëschten ze diskutéieren. Ech hu bei där leschter Lëscht spontan d'Ofkierzung "ICMN" agefouert, déi wéi ech festgestallt hunn, datt "PMN" net méi weider benotzt géif ginn, noutwendeg ginn ass. ICMN ass d'Ofkierzung vun "Intention de classement" wat jo elo "proposés au classement" ersetzt. Et kann een natierlech do och eng aner Ofkierzung sichen. Eng Neierung géigeniwwer fréier ass jo och, datt déi Objete mat "Intention de classement" net méi separat an engem Deel vun der Lëscht stinn, mee direkt am Deel mat deenen aneren Objeten déi scho fest klasséiert sinn.
Meng Meenung zu de proposéierten Neierungen:
Zum Punkt 1: Et stinn do zwou Proposen ënner dem Punkt PMN (elo dann ICMN oder och eng aner Ofkierzung) déi begrënnt ginn datt De But vun eise Lëschten ass, datt se méiglechst genee dee leschte Stand vun deene vum INPA erëmginn. Ech gesinn dat awer e bësschen anescht, éischter méi konservativ. Éischtens waren eis Lëschte souwisou ëmmer scho vill besser wéi déi dilettantesch Lëschte vum INPA well se zousätzlech Informatiounen enthalen, z.B. d'Koordinaten an zousätzlech Informatiounen an der Adress an an de Beschreiwunge vun den Objeten, a vun dohier gesinn ech net an datt mer Informatiounen, déi souwisou am Laf vum Prozess an d'Lëschten drakomm sinn nees solle läschen. Ech sinn éischter dofir datt esou Objeten, déi no enger "Propose/Intention de classement" awer net klasséiert ginn a wou eventuell och scho Fotoen dovun do sinn, an e separat Kapitel um Enn vun der Lëscht vun där Gemeng gesat ginn. Dat selwecht gëllt natierlech och fir Objeten déi scho fest klasséiert waren an dann trotzdeem ofgerappt goufen. D'Ursaach fir d'Bäibehale vun deenen Objeten ass fir mech déi selwecht déi schonn uginn ass, nämlech d'Dokumentatioun vum Verlaf vun de Klasséierungen an och vun deenen déi net reusséieren.
Zum Punkt 2: ICMN hunn ech jo elo erkläert, dat kann een och méi systematesch an de Lëschten uginn, bei verschiddenen hunn ech et och schonn ënnen dra geschriwwen, et kann een och eng aner Ofkierzung huelen. MN ëmänneren a PCM wier eventuell sënnvoll, awer wéi scho geschriwwen eng Piddelaarbecht, kann dat net vun engem Bot gemaach ginn? PMN wäert et an Zukunft wuel net méi ginn, IS onverännert.
Zum Punkt 3: D'Lëschte vun der Stad Lëtzebuerg nach weider opdeelen: ech si staark dofir, am beschten direkt 4 Deeler. Eng méi systematesch Ënnerdeelung vu Lëschtepunkte wou méi Objeten dra sinn: Dat wier och eng gutt Saach, et bedeit awer och vill Aarbecht an déi kascht vill Zäit (bei mir leider net ëmmer do). Et ass op alle Fall wichteg wéinstens nei Fäll direkt opzedeelen. D'Nummeréierung vun den Objeten: se ass effektiv net optimal. Dat neit Gesetz fir den Denkmalschutz wier jo déi bescht Geleeënheet gewiescht, offiziell esou eng Nummeréierung anzeféieren, mee ech fäerte mir mussen nach op dat nächste Gesetz waarden. Villäicht sollte mer jo eng Entrevue mat der Ministesch ufroen, déi schéngt jo do en oppent Ouer ze hunn. Mir kënnen awer och eis eegen Nummeren eng Kéier änneren, well awer ëmmer nei Objete bäikomme wäerten se awer ni ganz der Rei no kommen. Fir mech ass dee Punkt net esou wichteg wéi déi hei virdrun.

--MMFE (Diskussioun) 09:15, 23. Mee 2022 (UTC)Äntweren

Gudden Owend,
Zu de Punkten 1 an 2: wat fir eng Ofkierzung mer huelen ass mer am Fong egal, soulaang se ëmmer d'selwecht ass an iergendwou erkläert ass. Ech sinn och der Meenung, datt keng Donnéeë solle verluer goen, datt also Objeten déi "deklasséiert" goufen an enger separater Tabell sollte versuergt ginn.
Punkt 3: Jo! fir d'Opdeelung vun der Stater Lëscht, awer fir wat net direkt eng Lëscht pro Quartier mat enger Navigatiounsläischt ënnen um Wupp? Dann ass et mMn méi einfach en Objet zu Hollerech erëmzefannen, wéi wann ee fir d'éischt kucke muss ob Hollerech an der Lëscht 3 oder 4 ass… GilPe (Diskussioun) 18:26, 23. Mee 2022 (UTC)Äntweren
ah jo… eng Entrevue bei der Ministesch unzefroen wär eng ganz gutt Saach!
Moien. Also ier mer bei der Ministesch gi musse mir onbedéngt mat eppes Fäerdeges kommen an och déi verschidde Méiglechkeeten opféieren. Déi Méiglechkeete mussen och nëtzlech si fir hinne soss hu se keen Undrang fir et ze maachen. --Soued031 (Diskussioun) 16:38, 24. Mee 2022 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Lëscht vun de klasséierte Monumenter".