Wikipedia:WikiProjet National Monumenter
Dës Säit ass d'Ausgangsbasis fir de Wiki-Projet "National Monumenter" zu Lëtzebuerg, der lëtzebuergescher Versioun/Ofleeër vu Wiki Loves Monuments. D'Zil dovun ass et, méiglechst vill klasséiert Monumenter an Objeten doruechter opzelëschten, ze beschreiwen a mat fräie Biller z'illustréieren.
D'Initiativ gouf 2010 an Holland gestart; nom grousse Succès gouf se 2011 op 17 europäesch Länner ausgebreet (dorënner och d'Belsch a Lëtzebuerg; kuckt ënnendrënner) an am September 2012 war d'ganz Welt invitéiert, matzemaachen. Dës war och 2013 an 2014 de Fall.
Heidrënner stinn Informatiounen iwwer den Oflaf an e Bilan zu de Concoursen.
Ganz ënnen ass eng Lëscht vu Froen zu eenzelnen Objeten, déi bis ewell net gekläert konnte ginn.
2016
änneren2016 gouf et nees e Concours fir d'Belsch a Lëtzebuerg. Dës Kéier hu fir Lëtzebuerg ganz wéineg Leit matgemaach, déi eng Dose Fotoen agereecht hunn, wouvun der just 4 valabel waren, déi aner hu keng klasséiert Monumenter gewisen a konnten net zréckgehale ginn (Méi Info hei).
Allgemeng Info zum Concours 2016 op Commons.
2015
änneren2015 gouf, no fënnef Joer, eng Paus fir d'Belsch a Lëtzebuerg ageluecht; d'Organisateure wollte sech dat Joer op d'Zesummenaarbecht mat Kulturinstituter konzentréieren.
An anere Länner gouf et awer eng weider Oplo, méi doriwwer op Commons.
2014
ännerenWéi och déi zwee Joer virdru ware Benevolen aus alle Länner opgeruff, de Concours z'organiséieren an dobäi matzemaachen.
Informatiounen dozou op Commons.
Fir Lëtzebuerg ass organisatoresch ales beim Ale bliwwen; d'Säiten op Lëtzebuergesch um Site http://wikilovesmonuments.be goufen, wou néideg, ugepasst.
Dës Tabell weist den aktuelle Stand vun der Zuel vun Objeten/deene mat Foto.
Bilan 2014
änneren242 gëlteg Biller goufen de September 2014 eropgelueden - 10 manner wéi zejoert. Dobäi koumen der 14 vu Gebaier, déi net op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn an dofir vum Concours disqualifizéiert goufen.
D'Biller koume vun 12 verschiddene Useren, vun deenen, bis op zwéin, kee virdru bei lb:Wiki matgeschafft huet. Ee vun hinen huet eleng 197 Biller eropgelueden. Dëst Joer sinn duerch de Concours keng Biller vu Gebaier oder Objete bäikomm, déi nach kee Bild haten.
Mä an de Méint tëscht dem Concours vum leschte Joer an deem vun dësem (1. Oktober 2013 bis 31. August 2014) ware Biller vun am ganzen 78 verschidden Objete bäikomm, déi nach keng Illustratioun hei haten. Och wärend dem September 2014 sinn der e puer baussent dem Concours op Commons gesat ginn. D'Gesamtzuel vun den Objeten an eise Lëschten, déi ewell illustréiert sinn, läit, den 1. Oktober 2014, bei 678 (vu 792 am Ganzen).
2013
ännerenOch 2013 ware Benevolen aus alle Länner opgeruff, de Concours z'organiséieren an dobäi matzemaachen.
Informatiounen dozou op Commons.
Fir Lëtzebuerg huet sech och 2013 organisatoresch näischt Grousses geännert:
- D'Lëschtesäite sinn au fur et à mesure mam SSMN senger offizieller Lëscht ofgeglach an op de leschte Stand bruecht ginn;
- d'Decisioun, datt d'Belsch Lëtzebeurg "concourstechnesch" géif mat ofdecken, gouf bäibehalen, an
- d'Säiten op Lëtzebuergesch um Site http://wikilovesmonuments.be goufen, wou néideg, ugepasst.
Ausserdeem gouf an den Tabellen en Eroplued-Knäppche fir Biller agebaut, deen d'Biller op Commons mat de geneeë Koordinaten a mat der néideger WLM Schabloun, eroplueden hëlleft. Dofir goufen och d'Koordinaten, wou nëmme méiglech dobäigesat, sou datt dës an Appe wéi déi hei, déi hei oder déi hei exportéiert kënne ginn, fir d'Objeten op Kaarten ze lokaliséieren.
Hei kann een nokucken, wat wéini vu weem eropgeluede gouf.
Bilan 2013
änneren252 gëlteg Biller goufen de September 2013 eropgelueden - 15 manner wéi zejoert. Dobäi koumen der 44 vu Gebaier, déi net op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn an dofir vum Concours disqualifizéiert goufen.
77 Monumenter krute sou (op d'mannst) ee Bild, déi virdru nach keent haten. 147 Biller waren zum 1. Oktoer 2013 an engem Artikel agesat. 9 vun 12 Useren, déi matgemaach hunn, hate virdru nach keng Biller vu Lëtzebuerg op Commons deposéiert.
An de Méint tëscht dem Concours vum leschte Joer an deem vun dësem (1. Oktober 2012 bis 31. August 2013) ware weiderhin Biller vu 66 verschidden Objete bäikomm, déi nach keng haten. D'Gesamtzuel vun den Objeten an eise Lëschten, déi ewell illustréiert sinn, läit, den 1. Oktober 2013, bei 596 (vu 760 am Ganzen).
Gewënner
ännerenD'Gewënner fir d'Belsch a Lëtzebuerg goufen uganks November bekannt gemaach a sinn hei ze gesinn.
2012
änneren2012 goufe Benevolen aus alle Länner opgeruff, de Concours z'organiséieren an dobäi matzemaachen. Eng 35 Länner ware schlussendlech mat dobäi. Fir Lëtzebuerg huet sech 2012 organisatoresch näischt Grousses geännert:
- D'Lëschtesäite stoungen ewell a waren de Gemengefusiounen ugepasst an op de leschte Stand bruecht ginn;
- d'Decisioun, datt d'Belsch Lëtzebeurg "concourstechnesch" géif mat ofdecken, gouf bäibehalen, an
- d'Säiten op Lëtzebuergesch um Site http://wikilovesmonuments.be goufen, wou néideg, ugepasst.
Och de "Banner", deen op all Wikipediasäit ze gesinn ass, gouf op Lëtzebuergesch iwwersat, sou datt jiddereen zu Lëtzebuerg, deen eng Wikipediassäit uklickt, en ze gesi kritt.
Op der Projetssäit op Commons steet méi iwwer d'Virbereedungen an den Oflaf vum Concours u sech.
Den 1. September 2012 goufen et eppes klenges iwwer 300 klasséiert Monumenter zu Lëtzebuerg ouni Foto.
Bilan 2012
ännerenFir de Wiki Loves Monuments Concours 2012 goufen 267 gëlteg Biller eropgelueden - eng 20 méi wéi dat Joer virdrun.
Iwwer 60 zousätzlecher waren der eropgeluede ginn, déi keng klasséiert Monumenter als Sujet haten (zum Deel hat Ee gemengt, seng ganz Vakanzebiller missen eropzelueden), an déi dofir net beim Concours matmaache kënnen.
Dës Biller ginn an 234 verschiddenen Artikelen, a 6 Sproochversiounen, gebraucht (Stand 1.10.2013).
89 eenzel Monumenter, déi kee Bild haten, hunn duerch de Concours eent kritt. Souguer déi, déi de 14. September nei op d'Lëscht komm sinn, ware bal all eng knapps Woch drop fotografesch festgehalen. Den Total vun de Monumenter mat fräie Biller läit, den 1. Oktober 2012, bei 452 (vu 706 [1] am ganzen).
Et sief och ernimmt, datt virdun, uechtert d'Joer, baussent dem Concours, eng ganz Partie Biller bäikomm waren: 148 Monumenter kruten (op d'mannst) ee Bild bäi.
Gewënner
ännerenD'Gewënner sinn hei ze gesinn; ee Bild aus Lëtzebuerg (vum Meesebuerger Kierfecht) koum op déi exzellent 4.Plaz!
21. November 2012
Note
- ↑ Note: Dës Zuel refletéiert déi eenzel Abschnitter um SSMN senger Lëscht. Bei verschiddene si méi Gebaier - alt emol ganz Stroossenzich - bei engem eenzegen Antrag concernéiert, sou datt déi tatsächlech Zuel vun Objeten méi héich ass.
2011
ännerenWéi bis bekannt gouf, datt deen ursprénglech hollännesche Projet dëst Joer sou wäit wéi méiglech a ganz Europa ausgedroe sollt ginn, war et séier kloer, datt déi puer Mataarbechter, zu deene mer hei sinn, net selwer e Concours op d'Been kéinnte stellen, eng eege speziell Websäit dofir opsetzen, asw.
Dofir gouf vu Mäerz bis Juli 2011 d'Basis vun Artikelen a Fotoen zu klasséierte Monumenter geluecht:
- 105 eenzel Lëschten zu all Gemeng, wou sou Monumenter sinn, goufen ugeluecht (kuckt d'Këscht heidrënner). Ausgefëllt goufen se op Basis vun der Lëscht vum SSMN.[1]
- An all Artikel iwwer eng Gemeng gouf ënner Kuckt och e Link op déi jeeweileg Lëscht gesat.
- Op Commons gouf eng Kategorie "Cultural heritage monuments in..." fir jidfer vun den
105101 Gemengen, déi a Fro kommen, ugeluecht an all Biller, déi dorënner falen, deementspriechend kategoriséiert.
De Fotos-Concours
ännerenE puer Mataarbechter virun allem vun der nl:Wiki hunn de Site wikilovesmonuments.be op d'Bee gestallt, fir dass d'Belsch a Lëtzebuerg beim europawäitem Wiki Loves Monuments-Concours och ofgedeckt kënne ginn. Si hu sech och ëm d'Lëschte vun de belsche Gemenge gekëmmert (an déi vu Lëtzebuerg an d'Hollännescht iwwersat).
Si hunn desweidere Sponsore fonnt, fir d'Präisser vum Concours, an eng Jury zesummegestallt. De Site gouf vun engem lb:Wiki-Mataarbechter och op Lëtzebuergesch iwwersat an op der Haaptsäit hei velinkt. De Site, a 4 Sproochen, www.wikilovesmonuments.be, ass Enn August 2011 online gaangen.
Fotoen iwwer lëtzebuergesch klasséiert Monumenter waren deemno och beim Concours zougelooss.
D'Medien zu Lëtzebuerg goufen de 5. September 2011 per Presse-Communiqué iwwer de Concours informéiert.
Follgend Reportagë goufe publizéiert:
- Wort.lu, 15.09.2011 18:40, Wikipedia braucht Luxemburger Monumente
- RTL.lu, 16.09.2011, 06:45, Wikipedia brauch Fotoen a lancéiert dofir e Concours
- RTL Radio, 16.09.2011, Newsflash vun 9:00 (3:15-4:30) Wikipedia lancéiert eng grouss Aktioun fir Denkmalfleeg
Bilan nom 30. September 2011
änneren246 Biller vu lëtzebuergesche klasséierte Monumenter goufen am Kader vum Concours op Wikimedia Commons eropgelueden. Dobäi koumen der nach eng 30, déi als Sujet Gebaier haten, déi net um SSMN senger Lëscht stinn. Dës goufe fir de Concours disqualifizéiert, sinn awer natierlech och gär gesinn a goufen z. D. schonn an Artikelen agebaut. Just e puer wéineg dovun hu misse geläscht ginn, well se Gebaier gewisen hunn, op deenen den Architekt de Copyright huet.
Déi Meescht vun deene Leit, déi Fotoen eropgelueden hunn, hu virdrunn nach net op lb:Wiki matgeschafft. De User:Luxfornow zum Beispill, deen 72 Biller bäigedroen hat, war en engleschsproochegen "Expat", deen zu Lëtzebuerg (ge)wunnt (huet). Ronn 90 Monumenter, déi bis dohin nach kee Bild haten, hunn eent duerch dës Aktioun kritt. Op 254 Säiten a 6 verschiddene Sproochen goufen d'Biller bis ewell agebonnen.
D'Zuel vu klasséierte lëtzebuergesche Monumenter, zu deenen et op Wikipedia/Wikimeida op d'mannst ee Bild gëtt, läit nom 2011er WLM-Concours bei 315.
Den Intérêt un der Saach léisst hoffen, datt och nom Concours weiderhin Biller zu Monumenter, wou et hei nach keent gëtt, erpogeluede an dann an d'Lëschten integréiert ginn. D'Zil bleift e méiglechst kompletten Inventaire u fräie Biller a Beschreiwunge vu klasséierte Monumenter hei beieneenzekréien.
Et bleiwen nach kleng Detailer un de Lëschten ze maachen:
- d'Lëschten, wou néideg, an den Uertschaftsartikele verlinken (nach net iwwerall gemaach);
- Gebaier an Objeten, wann néideg a méiglech, an eegenen Artikelen (oder op d'mannst an e puer Sätz am Artikel zu der Uertschaft) beschreiwen;
- d'geographesch Koordinaten dobäisetzen, wou se feelen;
- d'Lëschten aktualiséieren, wann den SSMN seng Lëscht à jour setzt (2-3 Mol d'Joer).
20.10.2011.
Oppe Froen
ännerenBei dem engen oder aneren Objet sinn Iech vläit Onkloerheeten (oder Iertimmer) opgefall, oder et feelt un néideger Informatioun fir et ze situéieren. Déi Froe sammele mer an der Lëscht hei drënner. Wann der bis genuch zesumme sinn, kinnt een se den zoustännegen Autoritéiten zoukomme loossen, am Hoffes datt et sou rationell wéi méiglech zu enger Léisung komme kéinnt.
Gitt bei all Objet den Numm an d'Uertschaft un.
- Munneref: Nr. 64-3: Gebai an der Schutzzon vun den Haiser op de Nummeren 8, 10, 12, 14 a 16 rue des Bains, Kadasterparzell 2389/3726, net erauszefanne wat gemengt ass.
- Nidderaanwen: Nr. 65-5: Staatsbësch (forêt domaniale) op de Kadasterparzellen 1,210, 214/253, 214/254 asw, net erauszefanne wat gemengt ass.
- Schraasseg: Nr. 82-7: Niewegebaier vum fréiere Schlass zu Schraasseg mam Terrain bis zu 10 m ronderëm, Kadasternummer 60/127, net ze fannen.
Referenzen
änneren- ↑ Déi Lëscht gëtt e puer Mol d'Joer aktualiséiert. D'Lëschten hei missten deemno och an Zukunft reegelméisseg ofgeglach ginn. Ablackleche Stand: 26. November 2024