En Diks ass en optescht Eisebunnssignal, e Semaphore mat Hëllef vun deem den Eisebunnsverkéier gereegelt gëtt.

Diksen an Haltpositioun am Fond-de-Gras

Dëse lëtzebuergeschen Numm ass eng Verballhornung vum franséischen disque. Aner Bezeechnunge sinn: "Scheif" (vum däitsche "Scheibe") a "Signal".

Haut gëtt den Terme "Diks" praktesch net méi benotzt, d'"Signal" huet sech duerchgesat, mä d'"Scheif" gëtt awer och nach benotzt, onofhängeg dovun ob et e mechanescht oder en elektrescht Signal ass an onofhängeg dovun op eng Streck elektrifizéiert ass oder net.

Dikse goufen/gi vu Stellwierker aus bedéngt.

Den Diks an der Ëmgankssprooch änneren

An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock nach heefeg ze héieren:

  • den Diks ass gezunn: d'Bunn ass fräi
  • den Diks riichten, dee krut vu sengem Chef den Diks geriicht: engem eng Moralpriedegt halen